De Fortschrëtt an der Technik an deene leschte Joren ass enorm. An dobäi spillt kënschtlech Intelligenz eng grouss Roll. Zanter engem gudde Joer gëtt ganz vill iwwert ChatGPT geschwat. Eng Software, déi engem net just ganz Texter, mee zum Beispill och Coden aus der Informatik schreift. En änlechen Tool, deen awer spezifesch u Lëtzebuerg ugepasst gouf, ass elo um Marché.

21/09/2023 Letz AI Deel 1

Genee wéi Chat GPT, fonctionéiert dës Software och mat kënschtlecher Intelligenz. De groussen Ënnerscheed ass awer, datt sech déi lëtzebuergesch Software op de visuelle Volet konzentréiert. Mat der Plattform kann ee nämlech Biller generéieren. LetzAI heescht dat Ganzt an de Misch Strotz, CEO a Co Founder vu Neoninternet erkläert, wéi de Programm funktionéiert.

"LetzAI ass eng Plattform, déi iwwert de Summer developpéiert gouf. Hei kann sech och elo jiddwereen umellen. Duerch d’Antippe vu verschidde Sätz, wéi zum Beispill de Jean Asselborn als Fussballtrainer an da kritt een eben esou ee Bild generéiert. Leider muss een dëse Saz nach op Englesch formuléieren, mee do schaffe mer drun. D’Zil ass, datt d’Leit sech umellen an hir eege Saachen dobäi setzen."

Lo schwätze mer déi ganzen Zäite vu kënschtlecher Intelligenz, mee wat ass dat iwwerhaapt genee?

"Et kann ee sech als virtuellt Gehier virstellen, wat änlech funktionéiert, wéi dat mënschlecht Gehier, mee eben an enger digitaler Form. E Verglach, deen een zéie kann, ass zum Beispill den Täscherechner. Fréier war ee frou, wann eng Maschinn Zuele konnt zesummenzielen an haut mat der kënschtlecher Intelligenz kann de Computer eis elo Geschichten erzielen."

Ma déi nei lëtzebuergesch Plattform erzielt engem zwar keng Geschichte an Textform, mee eebe mat Biller. Zum Beispill de Jean-Asselborn als Fussballtrainer. Wéi een dësen Tool notze ka a selwer esou Biller erstelle kann, gi mer da kuerz no hallwer 9 gewuer.