
© Francine Keiser
No iwwer 30 Joer an engem an deem selwechte Beruff nach eng Kéier vu vir ufänken an eppes Neits léieren. Kéint Dir Iech dat virstellen? D'Francine Keiser huet dee Schrëtt gewot an hier eege Kleedermark op de Maart bruecht. Eis RTL Reporterin, d'Nicky Soisson, war d'Moudedesignerin an hier Boutique besichen.
D'Francine Keiser war um Héichpunkt vun hirer Karriär als Affekotin ukomm an huet genee dunn decidéiert hiren Job un den Nol ze hänken an nees zréck an d'Schoul ze goen. An dat aus guddem Grond: Si wollt déi 2. Hallschent vun hirem Liewen deene Saache widme fir déi si duerch hier Aarbecht virdru keng Zäit hat.
A well Moud si well als Kand interesséiert a faszinéiert huet, war et dunn zimmlech séier kloer, dass hire Wee géing an déi Richtung goen. An esou koum et dunn zu der Formatioun als Moudedesignerin. Haut huet d'Francine Keiser hier eege Mark an ass mat francini_k well iwwert d'Grenzen eraus bekannt.

© Francine Keiser