
© Francine Keiser
Haut dréit sech bei eiser RTL Reporterin alles ëm d'Moud. D'Nicky Soisson war d'Francine Keiser, fréier Affekotin, an hier Boutique an d'Stad besichen an huet mat hier iwwert den Alldag als Moudendesignerin geschwat.
Als Moudendesignerin ze schaffe freet vill Kreativitéit an dass do de Kapp non stop schafft, schéngt evident. D'Iddie kommen dem Francine Keiser meeschtens Nuets oder fréi Moies. Nom Opstoe gëtt dann direkt opgezeechent wat hier sou agefall ass, fir et net ze vergiessen. Dono geet et dann un de Feischlëff.

© Francine Keiser
Allerdéngs limitéiert d'Aarbecht sech net op d'Zeechnen. Nieft der ganzer administrativer Aarbecht, muss ee sech ëm d'Produktioun, d'Kommerzialisatioun an de Marketing këmmeren. A wann een dann och nach eng Boutique huet, wéi dat fir francini_k de Fall ass, da kënnt och nach d'Gestioun dovunner dobäi.