
© Francine Keiser
"Wer nichts wagt, der nichts gewinnt!" - Esou en däitscht Spréchwuert dat d'Francine Keiser sech mat senger Mark francini_k zu Häerz geholl huet. An esou hat déi frësch gebake Moudendesignerin déi réischt zanter 8 Méint lancéiert war, hier Kandidatur fir d'New Yorker Fashion Week gestallt...a gouf ugeholl! No hirer Participatioun zu New York, déi hier vill Dieren opgemaach huet, goung et du kierzlech op London.

© Oxford fashion studio
An dat ass natierlech extrem spannend wann och stresseg. Op der Plaz muss nämlech nach op de leschte Stëppel de Fitting gemaach ginn an do heescht et dann op nach séier d'Kleeder un d'Modellen unzepassen.

© Oxford fashion studio
Dat Schéinst ass allerdéngs, wann een zum Schluss da selwer kann iwwert de Catwalk goen a gesäit, dass engem seng Kreatioune gutt beim Public ukommen.

© Francine Keiser
Als nächst steet dann nach d'Fashion Show zu Paräis um Programm ma och hei zu Lëtzebuerg an zu Arel kann een dëse Weekend d'Kreatioune vun der Mark francini_k entdecken oder awer och am Francine Keiser hirer Boutique an der rue Neuve an der Stad.