Spéitsummer an Hierscht gëllen als Haaptsaison fir Champignonen ze sammelen. Bei fiicht-waarmem Wieder kann d'Saison allerdéngs och e bësse variéieren. De Moment ass et nach relativ dréchen, dofir sinn der elo manner ze fannen, mee nom Reen sinn se op eemol ratz-fatz do. Michèle Schons, du hues däi Kuerf scho prett?

04/10/2023 RTL Reporter - Wéi bestëmmt een e Champignon?

E Pilz kann een u sech nëmme bestëmme, wann ee systematesch Virgäng respektéiert. Dat éischt ass, kucke wat fir e Sporepolfer en ofschëtt, en zweete Punkt, ass och e ganz wichtegen, nämlech ze kucke, wéi d'Lamellen un de Still ugewuess sinn. Do ginn et 4 verschidde Méiglechkeeten. Opgrond vun deenen Indicen, der Faarf vum Sporepolfer an och der Lamellebildung, kann een iwwerhaapt an engem Bestëmmungsbuch virukommen. 

RTL

© miSchons

De Groupe Mycologique ass eng Sektioun vun der SNL, der Societé des Naturalistes Luxembourgeois an hei gëtt all Joer e Cours d'Initiation à la mycologie ugebueden, wou een dann an 3 Séance gewise kritt, wéi ee bei der Determinatioun vun engem Champignon virgeet. 

RTL

© miSchons

    

Beim Groupe Mycologique gëtt et och d'Facilitéit dass een eng propper Foto vun uewe, vun der Säit a vun ënnen, vum Champignon eraschécke kann op Pilzberodung@grm.lu, wou der da matgedeelt kritt wat fir e Champigon dass et ass, allerdéngs gëtt net gesot op en iessbar ass oder net, well ee keng Verwiesslung provozéiere wëllt.   

RTL

© miSchons