
© miSchons
Champignone si vill méi wéi dat wat an der Pan oder um Teller läit. Tatsächlech zéien se sech als onsiichtbar Fuedem-Wiesen dausende vu Kilometer duerch de Buedem, muncher liewen als Parasit an anerer si Meeschter vun der Zesummenaarbecht. D'Michèle Schons ass haut fir eis ënnerwee:
Esou wéi de World Wide Web, kann een de Champignon als Wood Wide Web gesinn. De Champignon ass net just dat wat mer iwwert dem Buedem uewendriwwer gesinn, mee et ass de Myzelium, deen am Buedem läit. Dëse mécht ganz laang Fiedem, verbënnt sech mat de Beem an de Streiss duerch de ganze Bësch an tauscht och Närstoffer an Noorichten aus, esou dass een dat als Wood Wide Web bezeechne kann. An engem Fangerhut voll Bëschbuedem, kann ee bis zu 100m Hyphen vun de Pilze fannen.

© miSchons
Alleng zu Lëtzebuerg ginn et bis zu 4000 Zorte Pilzen, déi ee mam bloussen A ka gesinn. Déi Mini-Pilzen déi ënnert dem Buedem liewen, rechne mer dee Moment net derbäi.

© miSchons
Et gëtt e Reglement Grand Ducal, wou d'Zorten opgezielt sinn, déi iessbar sinn. Vun deenen dierf een 1kg pro Persoun plécken. Wann een am Grupp erausgeet, dierf een, och wann een zu 30 ass, nëmmen 3 kg pro Grupp plécken. Déi aner Pilze stinn ënner Naturschutz a vun deenen dierf een 3 Exemplaire vun all Zort plécken. Dëst aus deem Grond, well et fir d'Bestëmmung wichteg ass, e jonken, e mëttelsten a méi en ale Pilz ze hunn, well se oft hiert Mierkmol mam Alter changéieren.
Groupe de Recherche Mycologique

© miSchons