Muncher ee behaapt, dass een e gëftege Champignon dorunner erkennt, dass se net vun Déieren ugeknabbert ginn. Dat ass allerdéngs falsch, well tatsächlech friessen d'Déiere vill Champignonen, och déi gëfteg. Eng Kanéngche kann zum Beispill e Knollenblätterpilz uknabbelen ouni dass hir eppes geschitt, fir de Mënsch dogéint ass en déidlech. D'Michèle Schons ass mam Jerry Thorn a Liliane Chillon vum Groupe Mycologique haut op der Kockelscheier ënnerwee fir méi iwwert d'Faszinatioun Champignone gewuer ze ginn: 

04/10/2023 RTL Reporter - Wat fir Champignone gëtt et hei?

Si sinn net nëmmen als Narungsquell an Delikatesse wichteg fir eis, ma si sinn och e ganz wichtegen Deel vun der Offallentsuergung, andeems se zum Beispill organescht Material, wéi doudegt Holz, oder och doudeg Déieren zersetzen. E Pilz ass weder Planz nach Déier a si hunn hiert eegent grousst Räich, dat vun den Eukaryoten.

RTL

© miSchons

De Pilz geet zesumme mam Bam oder mam Strauch eng Fusioun an. Well de Pilz kee Chlorophyll huet, kann en seng Närstoffer net eegestänneg vu Sonn a Waasser hierstellen. Vum Bam kréien se Zockerverbindungen, déi deen iwwer d'Fotosynthese mécht, an als Ausgläicht gëtt de Pilz dem Bam Mineralien, Waasser an Antibioticken.  

RTL

© miSchons

Bei Wisen déi net gedüngt sinn, oder brooch leien, fënnt een och zu Lëtzebuerg nach ganz vill Wisechampignonen. Wann ee Pilze sammele geet, muss een och de Géigner kennen, den Doppelgänger genannt. Ouni dee, gëtt dat Ganzt ze vill geféierlech. Et muss een eng anstänneg Bestëmmung maachen, all Pilz eenzel kucken, ob en deene Krittären entsprécht, déi fir dee Pilz typesch sinn. Entsprécht do een Element net, dann huet ee besser et léisst een d'Fangeren dervun.   

RTL

© miSchons