
© Pixabay
De Klimawandel mécht sech och beim Béier bemierkbar. D'Hëtzt an d'Dréchent suerge fir manner Recolte an de Béier gëtt méi douce. Mir hu beim Béiersommelier nogefrot.
Tschechesche Wëssenschaftler no wäert den Ertrag vum Happ an Europa an de nächste 27 Joer ëm 4 bis 18 Prozent zeréckgoen. A Schold dorun ass de Klimawandel.
Esou huet d'Ekipp ronderëm de Martin Mozny zum Beispill festgestallt, dass den Happ am Verglach mat de Joren viru 1994 20 Deeg méi fréi zeideg gëtt. Am stäerkste betraff wäerten an Zukunft déi südlech Ubaugebidder an Däitschland an a Slowenien sinn.
Mir hu beim Béiersommelier Sebastian Symolka nogefrot. Hie confirméiert dass et manner Happ gëtt, et géif awer och dovunner ofhänken vu wéi engen Zorten Happ ee schwätzt:
"D'lescht Joer war keng gutt Recolte an dëst Joer och net. Et kann ee net pauschal soen ob et doduerch manner Béier gëtt well et ginn iwwer 140 verschidde Béierstiler."

© Pixabay
Et gëtt och schonn u Léisunge geschafft. Déi bréngen awer net jidderengem eppes, dee Béier braut.
"Déi Aarte si mi resistent. Et gëtt awer nach aner Problemer firwat mer manner Béier hunn: Vill Brauereie maachen zou duerch déi aktuell wirtschaftlech Situatioun."

© Pixabay
Awer och Stëpp an Etikette si mi deier ginn.
Mä komme mer nach eemol zeréck bei de Klimawandel. Dee bréngt nämlech och mat sech dass de Béier anescht schmaacht. Déi sougenannt Alphasaieren am Happ ginn dem Béier säi Goût an déi hunn och en Afloss op d'Qualitéit. Et heescht de Béier géif méi douce ginn:
"Dat ka fir verschidde Stiler Béier ganz o.k. sinn. Déi Saieren maachen en Deel vun der Batterkeet aus. Dat kann een awer och zum Deel iwwer de pH an d'Temperatur beim Hierstellungsprozess steieren."

© Pixabay
Mir resüméieren: Manner Happ jo, awer net onbedéngt manner Béier- well et och ëmmer mam Hierstellungsprozess zesummenhänkt an d'Brauereien de Goût zum Deel kënne steieren.
Mä Fakt ass: De Klimawandel ass och beim Béier ukomm.

© Pixabay