Sozial Netzwierker wéi Facebook an Instagram bidden eng ganz Rutsch un digitalen Interaktiounen. Et kann ee liken a kommentéieren. An de Partner jalous maachen, gewollt oder ongewollt. Ma och déi zwee blo Hoke am Whatsapp hu well fir déi eng oder aner Kris a Bezéiunge gesuergt well ze lues oder vläicht och guer net geäntwert gouf.

26/10/2023 Den Afloss vu Social Media INTERNET

Jalousie gëtt et säitdeem et d'Mënsche ginn an dat an deene verschiddenste Relatiounen. Sief et op der Aarbecht, an der Schoul, an der Frëndschaft oder awer och an der Léift. Dës Onsécherheet ass weder nei nach onbedéngt problematesch, se dréckt dacks de Wonsch no méi Opmierksamkeet aus. Problematesch gëtt et just wann domadder d'Bezéiung reegelrecht op d'Prouf gestallt gëtt. An do spillen déi sozial Medien hautzedaags leider och eng grouss Roll. Cathy Bichel-Reuter, Psychologin bei KJT:

"Wa mir Allenzwee op deene selwechte sozialen Netzwierker ënnerwee sinn da kréien ech jo onweigerlech alles mat. Et kritt een Infoen déi een net emol siche muss goen an déi ee vläicht och guer net wollt hunn. An da kann een natierlech och weidergoen an dat maachen d'Leit dann och wa si op eemol Suerg hunn hire Partner géing hinnen net éierlech géigeniwwer sinn, potentiell ontrei ginn."

Ma si fänken un hire Partner quasi permanent ze kontrolléieren. Et kann ee kucke wéini e wou e fir d'lescht online war, wien oder wat e gelikt huet a mat wiem e befrënnt ass. Virausgesat natierlech dësen huet net dofir gesuergt, dass een dat net ka gesinn. Déi Jalousie betrëfft dann net nëmme méi Leit déi eventuell vun hirer Perséinlechkeet dozou neigen:

"Souguer Leit déi net zu Eifersucht neigen déi ginn, obwuel se net no Informatioune sichen, konfrontéiert mat Informatioune wat hire Partner am mediale Raum u Kontakter huet. Sief dat elo Likes vun iergendwelleche Biller, Websäite mat vläicht méi sexualiséierten Inhalter abonéiert. Et gëtt ee méi gewuer an da kann ee sech och méi Froe stellen. Vun dohier ass et e ganz fruchtbare Närboden dee sech do ubitt fir Jalousie ze erzeugen."

Vun dohier spillt d'Kommunikatioun mam Partner, wéi sou dacks am Liewen, eng grouss Roll. Nëmmen esou kënnen eventuell Mëssverständnesser déi fir Jalousie suergen, aus der Welt geschaaft ginn.

"Et ass wichteg, dass ee sech bewosst ass, dass ee ka vill Informatioune kréien déi Potential hu fir falsch interpretéiert ze ginn an dass net alles sou ass wéi et am mediale Raum eriwwer kënnt. Schonn eleng nëmme wa mir iwwer schreiwen oder iwwer online Fotoe verschécken, do feelt einfach dat Verbaalt, dat Paraverbaalt. Et gesäit een de Partner net, wéi ass en drop wann en dat mécht, wat denkt e sech dobäi."

Sollten déi negativ Emotiounen awer mol mat engem duerchgoen, dann ass et wichteg net eleng domadder ze bleiwe mee driwwer ze schwätzen. An am beschten an deem Moment vläicht net mam Partner mee mat enger neutraler Persoun.

A wann ee keen zur Hand huet, da kann een och roueg op der Helpline vum Kannerjugendtelefon oder Elterentelefon uruffen. Esou kann een e bëssi erofkommen an och eventuell mol en neie Bléck op d'Saach kréien éier ee seng beschter Hallschent Schëmmel a Bless vernennt.