
De 6. November 2023 start dat neit Spill vun der Loterie Nationale, EuroDreams. A wéi den Numm et schonns seet kann een hei vum ganz grousse Geld dreemen. Mir hunn d’Spill mol ënnert d’Lupp geholl.
Jo vum ganz grousse Geld dreeme mer dach all. Mee wéi kënnt een dozou? Villäicht jo mam neie Spill vun der Lotterie Nationale, EuroDreams? Wann ee kuckt wat et hei ze gewanne gëtt, kribbelt et bestëmmt scho bei ville Leit an de Fanger, fir matzespillen. De Léon Losch, Direkter vun der Lotterie Nationale erkläert wat ee beim klenge Brudder vum EuroMillions gewanne kann.
"Bei EuroDreams geet et ëm eng Rent an dat gouf et bis ewell nach net an Europa. Et kann een 20.000 Euro pro Mount gewannen an dat wärend 30 Joer a wann een dat elo héisch rechent kënnt een op eng Zomm vun 7,2 Milliounen Euro. Den 2. Rang ass och nach ganz flott, do huet een 2.000 Euro pro Mount wärend 5 Joer. Duerno fält dat dann op déi normal Räng erof, wéi dat dann och bei anere Lotterien ass."
7,2 Milliounen, dat klengt dach mol net schlecht. Natierlech brauch een dofir och e bësse Chance, well wéi dat bei enger Lotterie eben ass, kann een net beaflossen, wéi eng Zuelen um Enn gezu ginn.
Mir hunn elo gesot et géifen Zuele gezu ginn. Do hu mer jo schonn e bëssen ugedeit, wéi d’Spill funktionéiert. Et ass am Fong esou wéi Lotto an Euromillions a wéi se all heeschen. Also de Prinzip ass änlech. Den Direkter vun der Lotterie Nationale huet eis d’Spillreegelen erkläert.
"Wéi wënnt een. Ma et muss een ee Spillschäin kafen. Dëse gläicht engem vum Lotto oder vum Euromillions. Do sinn da 6 oder 7 Kästercher drop a fir 2,50 Euro kann een dann een esou ee Kästchen ausfëllen. Dat sinn Zuele vun 1 bis 40. Do muss een dann wa méiglech 6 richteg Nummeren ukräizen an dann nach eng Zousazzuel, dat nenne mer den Dreamnumber. Dat sinn da 5 Nummeren, wou een eng ukräize muss. A wann een dann d'Kombinatioun vu 6+1 huet, dann hätt een dann de grousse Präis vun 20.000 Euro de Mount gewonnen."
A wéi dat bei der Loterie Nationale üblech ass, geet natierlech nees en Deel vum Erléis un de gudden Zweck. Pro verkaaften Ticket sinn dat ongeféier e Véierel vum Präis. Lass geet et mat der Vente, den 30. Oktober an eng Woch drop, also de 6. November ginn dann fir d’éischte Kéier d’Zuele gezunn. A wie weess? Mat e bësse Chance Sidd Dir jo dann de gléckleche Gewënner.