
An deene leschte Méint huet d'Immigratioun a Richtung Lëtzebuerg zougeholl. Leit aus deenen ënnerschiddlechste Länner kommen an de Grand-Duché, an der Hoffnung hei ee bessert Liewen ze féieren. Sief et, well se viru Krich oder schwéieren ekonomesche Konditioune fortlafen. Ma vill vun hinne mierke séier, datt Dram a Wierklechkeet wäit ausernee leien, a fanne sech op der Strooss erëm. Dat och wéinst enger méi restriktiver Asylpolitik. De Marc Hoscheid ass fir eis op der Stater Gare bei der Stëmm vun der Strooss a schwätzt mat hirem Spriecher, dem Bob Ritz, doriwwer wéi sech dës Entwécklung op de Schaffalldag vun der ASBL auswierkt.
06/11/2023 Stëmm vun der Strooss (1)
Am meeschte gelies