Lues awer sécher si mir nees dran an där Zäit an där et engem dacks kal ass an ee sech am Léifste vun ënne bis uewen amummt fir gutt schuckeleg duerch déi kal Joreszäit ze kommen. Ass jo u sech och kee Feeler. Just wann ee mam Auto ënnerwee ass, ass dat keng sou gutt Iddi a ka jee nodeems souguer liewensgeféierlech ginn.

09/11/2023 Wanterjackett a Sécherheetsgurt INTERNET

Effektiv schéngt et elo an de Wanterméint nawell logesch, dass ee sech mat der décker Jackett an dee kalen Auto sëtze wëll. Ëmsou méi wann dësen dobausse steet. Dat ass allerdéngs keng sou gutt Iddi. Firwat, dat weess de Frank Maas, Responsabel vun der Promotioun vu Mobilitéitsléisungen  beim ACL:

"U sech ginn et e puer Aspekter. Dat éischt ass mol, dass een einfach an de Beweegunge beschränkt ass mat enger décker Jackett um Steier an zweetens ass et esou, dass de Gurt dann net richteg uläit. Et ass esou, d'Jackett déi mécht dann de Puffer tëscht dem Gurt an dem Kierper. An den drëtte Problem ass u sech deen, dass de Gurt net op der richteger Plaz uläit wann een eng déck Jackett unhuet."

Sollt et zu engem Accident kommen, da kann et doduerch zu schwéiere Blessure kommen.

"Dee Beräich wou et ebe kritesch ass, ass haaptsächlech wou de Gurt ënnen uläit. Do wou e soll u sech op d'Uewerschenkel drécken, mécht en dat dann net mee éischter am Bauchberäich. Am Fall vun engem Accident wier dat geféierlech well een do Organer huet wéi d'Liewer, d'Mëlz oder den Daarm déi dobäi beschiedegt kënne ginn."

Dat selwecht gëllt och fir d'Kanner:

"Do ass et u sech nach méi wichteg well d'Kanner nach méi vulnerabel sinn an do soll ee wierklech ganz gutt oppassen, dass de Gurt wierklech un den Uewerschenkel uläit an dass am Fall vun engem Accident oder souguer vun enger Vollbremsung de Gurt dann och op d'Schanken dréckt an net soss op de Kierper."

Dat heescht elo awer net, dass ee fréiere muss a sengem kalen Auto well do ginn et ganz einfach Saachen déi ee maache kann, op mannst mol bis dass d'Heizung sou richteg op Toure kënnt.

"Bei Kanner ass et u sech ganz einfach well een déi mat enger Decke kann zoudecken, bei den Erwuessenen ass dat e bëssi méi schwéier. Mee mir roden do einfach, dass een haaptsächlech den ënneschten Deel vum Gurt ënnert d'Jackett undeet sou dass de Gurt um Becken uläit."

Also d'Jackett aus, Gurt un an dann d'Jackett driwwer. Bei Mäntel gëtt dat allerdéngs scho méi akrobatesch.

Ma net nëmmen d'Wanterjackett kann zum Problem ginn, och Mutzen a Schaler kënnen d'Siicht beanträchtegen, gefiddert Händchen dann, fir d'Amateuren dovunner, maachen, dass een d'Steier net sou fest am Grëff huet. An déck Wanterstiwwel kënne scho mol dofir suergen, dass d'Gefill op der Gas- oder Bremspedall manner gutt ass wat dann och éischter suboptimal ass.