An de leschte Wochen gi Kanner a Jugendlecher online dacks mat brutale Biller aus dem Konflikt am Noen Oste konfrontéiert. Och op de social Media Plattforme gëtt et Krich, wann och vun enger anerer Zort.

14/11/2023 Kanner a brutal Biller am Internet INTERNET

Effektiv fënnt een hei eng helle Wull u bestialesche Publikatiounen, Biller a virun allem Videoen vun der Terrorattack vun der Hamas an aus der Gazasträif. Vill vun dëse Biller kënnen net nëmmen erwuesse Leit traumatiséiere mee och, an nach vill méi, Kanner an Teenager. D'Symptomer kënnen do ganz ënnerschiddlech sinn. Gilbert Pregno, Psycholog, Psychotherapeut a President vun der Mënscherechtskommissioun:

"Dat ka ganz ënnerschiddlech sinn. Et ka sinn, dass e Kand op eemol net méi wëll schwätzen, dass et sech ganz zoumécht oder dass et ufänkt richteg ze fäerten, besonnesch wann et owes am Bett ass oder dass et Cauchemare mécht. Do kënne verschidde Symptomer kommen, mee déi kënnen och en anere Grond hunn. Dofir kann een dat doten esou net ëmmer direkt gesinn."

Problematesch ass et allerdéngs virun allem bei Kanner no deenen net genuch gekuckt gëtt.

"Dat si Kanner wa si sech ze vill selwer iwwerlooss sinn a si gesinn dann eppes a si kréie keng Erklärung dozou, da gi si sech d'Erklärung selwer. An déi kann deemno wéi vill méi schlëmm si wéi dat wat et ass oder si banaliséieren dat. Do muss ech dann nach eng Kéier soe wéi wichteg et dach ass, dass Elteren do sinn déi hire Kanner e sécheren Hafen ubidden."
 
E grousse Problem ass dem Gilbert Pregno no dann och, dass Kanner vill ze einfach Zougang hunn zu sou Biller a genee dat géing et gëlle sou wäit wéi méiglech ze vermeiden.

"Da kann et awer sinn, dass si et gesi well Frënn oder Frëndinnen hinnen dat weisen oder och duerch Zoufall. Da soll ee kucke wéi si domadder eens ginn. Ma virun allem muss ee se a Sécherheet setzen. An dat ass d'Aufgab vun den Elteren, vun der Famill mee et ass och dann och zum Deel d'Aufgab vun der Schoul fir sou eng Schutzzon ze bauen."

Leider kritt een, wéi soss dacks, als Elteren net alles mat, ma spéitstens wann Äert Kand op eemol Reaktiounen oder e Verhalen huet wat Iech komesch schéngt, sollt Dir et drop uschwätzen.