
© pixabay
Den 20. November ass de Weltkannerdag, de weltwäiten Aktiounsdag vun der UNICEF fir Kanner, vu Kanner. Op dësem Dag, dem Joresdag vun der Ënnerschrëft vun der Kannerrechtskonventioun, ginn d’Kannerrechter gefeiert.
Egal, ob als Privatpersoun, als Entreprise, als Gemeng oder och als Schoul, jidderee ka beim Weltkannerdag matmaachen an op dës Aart a Weis en Zeeche fir d’Kanner an hir Rechter setzen. Wat maachen dann d'Youth Ambassadors? Paul Heber vun der UNICEF:
Och si hunn natierlech e grousst Matsproocherecht an haut ass wierklech den Dag, wou mer hinnen eng Plattform ginn, wou si sech kënnen ausdrécken. Déi lescht Méint huet sech do erausgefiltert, wat hinne besonnesch um Häerz läit. Esou ass et keng Iwwerraschung - d'Ëmwelt läit hinne vill um Häerz, awer och déi mental Gesondheet, wat ëmmer méi en Thema gëtt, net nëmme bei deene Jonke, ma och bei den Erwuessenen.
Och wann d'Kannerrechter natierlech d'ganz Joer gëllen, ass dat hei e flotten Dag fir op all déi Saachen opmierksam ze maachen an dat mat enger ganzer Rëtsch Aktivitéiten:
Ech mengen déi bekanntsten ass eis GoBlue Aktioun, dat ass eng Aktioun, déi mer virun enger Rei Joren ugefaangen hunn, andeems mer Saache blo beliicht hunn, dat si Gebaier, ëffentlech Plazen, oder och Monumenter an dat ass eng flott Aart a Weis fir symbolesch ze weisen, dass engem Kannerrechter um Häerz leien. Dat geet awer nach méi wäit, wéi just de Symbolcharakter, mir hunn och eng Rei Atelieren, déi mer organiséieren, notamment fir Schoulen déi sech kënnen aschreiwe mat enger ganzer Rei vun ONG'en hei zu Lëtzebuerg.

© pixabay
Fir mam Thema vun de Kannerrechter a Verbindung ze kommen an ze verstoe wat déi Kannerrechter iwwerhaapt sinn a firwat se esou wichteg sinn, gëtt et och eng Klass, déi e Prozess um Geriicht nospillt.
An dann natierlech zum Schluss hu mer eis eppes Flottes ausgeduecht a froe jiddereen deen an den nächsten Deeg Zäit huet, fir duerch d'Land ze fueren, dass en déi eenzel Plazen, déi blo beliicht sinn ze fannen an eng Foto dovunner ze maachen an déi bescht Fotoe gewannen eppes Klenges, wann se am deem Concours GoBlue matmaachen.
De
ass e flotte Site op dräi Sprooche, wou een nach vill méi Informatioune kritt a wou een sech och aschreiwe kann, fir déi verschidde Saachen, déi fir haut organiséiert sinn.