D'Scoutsbeweegung baséiert op engem pedagogesche Prinzip, deen als But huet, fir de Kanner a Jugendleche Verantwortung z'iwwerdroen an hiert Liewen ënner dem Respekt vun de Wäerter vun hirem sozialen Ëmfeld z'entfalen. Toleranz, Teamgeescht, Respekt virun der Natur stinn uewen op der Lëscht. 

29/11/2023 Best of Scouting

Reegelméisseg treffen d'Gruppen sech op Weekender, am Naturcamp fir hir Aktivitéite gemeinsam ze maachen an sech z'ënnerstëtzen. Mir waren de Moien am Keltenhaischen, dem Formatiounszenter vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, fir méi vun deenen zwou Haaptgruppe gewuer ze ginn. D'Julie Bové vun der FNEL an de Matthieu Schmidt vun den LGS hunn eis erzielt wat e gudde Scout ausmécht:

29/11/2023 RTL Reporter Best of Scouting 1
RTL

© miSchons

Den Alter spillt bei de Guiden a Scoute keng Roll an et kann een allzäit mat derbäi sinn, wéi de Charel Majerus vun den LGS eis verroden huet:

29/11/2023 RTL Reporter Best of Scouting 2

D'LGS sinn déi méi reliéis Scouten, d'FNEL déi liberal. Mëttlerweil gëtt och ganz vill zesumme gemaach, eleng den Daachverband Scouting in Luxembourg schweest d'Gruppen zesummen. De Philippe Berscheid vun der FNEL:

29/11/2023 RTL Reporter Best of Scouting 3
RTL

© miSchons