Also wann 2 Gesellen den Ament vill ze dinn hunn, da sinn et de Kleeschen an den Houseker; haut ass Niklosdag. De Schong bei der Dier ass gëschter vum Teller ofgeléist ginn, fir datt haut de Moien d'Kaddoen an d'Séissegkeeten, villäicht awer och eng Rutt, aus dem 6. Dezember alt erëm e besonneschen Dag maachen.

06/12/2023 Mam Kleeschen ënnerwee

Do wou de Kleeschen nach net laanscht ass, gëtt et sou lues awer enk, well déi meescht Kanner kënnen et jo kaum erwaarde fir de Moie luussen ze goen ob de Kleeschen eppes bruecht huet.

Mir hunn trotzdeem probéiert den Hellege Mann an den Houseker op hirem Tour z'erwëschen an hunn d'Nicky mat sengem Schlitt lass geschéckt an et huet déi 2 fonnt.

RTL

Op kleeschen.lu kann een de Kleeschen dann och bei sech Heem ruffen an eppes fir de gudden Zweck maachen.

De Kleesche sammelt nämlech Sue fir Kanner deenen et net sou gutt geet; dëst Joer kënne Kanner vun der Caritas mat op eng Fanrees bei Borussia Dortmund goen.

RTL

All hir Aktiounen a wéi Dir de Kleesche fir d'nächst Joer buche kënnt, fannt Dir