Eng Schlittschongpist op där ee sech weder den Hënneschten erkaalt nach naass kritt wann ee fält, sinn nëmmen e puer vun de Virdeeler déi sou eng Äispist ouni Äis huet. An dat hu se sech och zu Réimech gesot a proposéieren elo scho fir déi 2. Kéier eng syntheetesch Schlittschongpist op der Place Kons un. Dat nach bis den 29. Februar nächst Joer.

05/12/2023 Syntheetesch Äispist zu Réimech ass op INTERNET

Firwat ee sech hei schlussendlech fir déi syntheetesch Versioun entscheet huet déi ee mëttlerweil als Gemeng och well kaf huet, erkläert de Jacques Sitz, Buergermeeschter vu Réimech:

"Mir hate laang eng richteg Äispist opgeriicht mee wéi déi verschidde Krisen opgetaucht sinn do hu mer op eemol geduecht eng Pist déi méi energiebewosst ass. Mee et war awer net nëmmen d'Energie, et war och wéinst dem Héichwaasser vu que dass se op enger Plaz steet wou ëmmer Héichwaasser ka kommen. Eng normal Äispist wéi mer se kannt hunn, déi kann ee ganz schwéier ofriichten, déi muss fir d'éischt entdeet ginn an déi hu mer da meeschtens aus dem Héichwaasser net erauskritt wann es da komm ass. Bei där heiten ass dat elo vill méi einfach, déi ass an engem Dag opgeriicht an an engem Dag ofgeriicht a fort transportéiert."

Waasser gëtt fir dës Zort vu Schlittschongpist keent gebraucht. Energie och net. Dat wieren dann och nach weider Virdeeler. De Prinzip ass u sech ganz einfach:

"Dat sinn eenzel Placken déi ginn zesumme gesat an da kënnt dann am Fong geholl eng Clôture ronderëm an da gëtt déi Surface dann traitéiert fir dass déi och richteg glat gëtt an da kann ee mat Schlittschong dorobber fueren."

An där kritt een dann och op der Plaz ze léinen. Wann ee seng eege Schlittschong matbréngt, wat och geet, sollt ee sech awer bewosst sinn, dass déi Zacken ënnendrënner musse geschlaff ginn an een dës dann herno net méi op enger traditioneller Pist benotze kann.

Nieft de Feierdeeg wéi Chrëschtdag, Stiefesdag, Silvester an d'neit Joer, ass d'Äispist awer och den 9.12. zou. An dat aus guddem Grond:

"Dat ass Samschdes, do hu mer sou e "Lattl" Tournéier hei op eiser Äispist. "Lattl", Eisstockschiessen, vläicht Leit déi dat sou kennen, do trëtt een an Ekippen zu 2, 3 oder 4 u fir géint eng aner Ekipp ze spillen. Et muss een da sou Scheiwen treffe wou Zuelen drop sinn an déi, déi déi gréisst Punktzuel kréien déi hunn da gewonnen. D'lescht Joer hate mir et fir d'éischt gemaach, et war een immense Spaass, d'Leit hu sech gemellt a souwäit ech weess, sinn dëst Joer schonn e ganze Koup déi sech ugemellt hunn."

Falls och Dir wëllt bei dësem Fun Event dobäi sinn, kënnt Dir Iech awer roueg nach umellen. Weider Informatiounen dozou wéi och zu der Äispist an deem ganze Wanterfestival zu Réimech fannt Dir op remich.lu