Sech benevole engagéieren heescht seng Zäit ze verschenke, fir eng Aufgab z'ënnerstëtzen an aneren ze hëllefen. Et heescht och sech selwer eng Freed ze maachen, Mënsche mat änleche Wäerter oder Gemeinsamkeeten ze treffen, gutt Momenter ze deelen an eng Aktivitéit auszeüben, déi engem Spaass mécht an um Häerz läit.

05/06/2023 Internationalen Dag vum Benevolat - Schenk deng Zäit

D'Agence du Benevolat ass eng Plattform, déi zesumme mam Familljeministère entwéckelt gouf, fir Benevollen mat den Associatiounen zesummenzebréngen. Mëttlerweil sinn iwwer 2000 Benevollen ageschriwwen. All Joer ass dann och eng Journée du Benevolat, wou dat ganzt geéiert a gefeiert gëtt. Benevolat geet vu bis, Martine Mergen, Presidentin vun der Agence du Benevolat:

Et geet iwwer Sport, Ëmwelt, Soziales. Eeler Leit déi eleng sinn, dat ass dëst Joer eise Sujet. Et geet eigentlech duerch all Domaine. Fréier sinn d'Leit mat 5-6 Joer an de Fussballclub am Duerf gaangen, dono sinn se an de Kommitee gaangen a waren hiert Liewe laang dran. Oder an d'Musek. Oder an d'Pompjeeën. Dat ass eben haut net méi esou, well vill Leit plënneren, well der vill bäikommen, well se net esou laang op der nämmlechter Plaz wunnen. An et ginn och vill Auslänner, déi an d'Land kommen, déi och gäre bereet sinn, eppes ze maachen, awer net wësse wéi se et solle maachen.

De Motto vun der Journée du Benevolat dëst Joer leet de Fokus op eeler Leit, déi eleng sinn:

Dat ass e ganz grousse Leidensdrock, mir haten Assise du Benevolat, mat iwwer 200 Leit aus den Associatiounen a Benevollen, déi sech zesummegesat hunn, fir ze kucke - wéi kënne mer d'Rekrutement verbesseren, wéi kënne mer den Encadrement verbesseren, wat brauche mer, dass mer méi Benevollen hunn, grad an deem Domaine. Dat si keng Leit déi se fleegen oder als Dokter behandelen, dat si Leit deenen se hir Zeitung virliesen, mat hinne spadséieren oder an e Concert ginn. Einfach dass se net eleng sinn, well et si schrecklech vill Leit, besonnesch an den Institutiounen déi sech eleng fillen.

D'Journée du Benevolat gëtt elo an dëse Minutten zu Nidderaanwen am Centre de Loisirs Am Sand ofgehalen:

Mir hunn dräi Kandidaten, déi eigentlech allen dräi de Präis verdéngt hunn a wat e bëssen eng Iwwerraschung ass, mir maachen d'Ofstëmmung op der Plaz an d'Leit kënne mat ofstëmmen, wien den éischte vun deenen dräi Präisser kritt. D'Grande-Duchesse Maria Teresa huet sech och ugemellt, si ass jo och ganz engagéiert am Benevolat. Dann hu mer eng Campagne ëm d'Chrëschtzäit, déi heescht "Schenk deng Zäit". Do si jo och déi gutt Virsätz déi een sech hëlt fir dat Joer drop, dofir maache mer déi Campagne ronderëm Chrëschtdag, wou een dann och d'Biller deemnächst an de Bushaisercher wäert fannen.

Nei Missiounen an Informatioune ronderëm d'Thema Benevolat, fannt der och op der Internetsäit vun der Agence du Benevolat, déi mer iech hei drënner verlinkt hunn.