E Moien ouni Kaffi...? Fir vill Leit guer net virzestellen. Dem Kaffirapport vun Tschibo no hunn d'Fraën dat lescht Joer an der Moyenne 3,2-  an d'Männer 3,5 Tase Kaffi pro Dag gedronk. Nieft dem Goût gëtt virun allem och de Koffein-Effekt geschat. Mee net all Mënsch verdréit dee Stoff. Wien trotzdem Moies mat engem Gedrénks wat wakereg mécht wëll an den Dag starten, dee fënnt um Maart eng Rëtsch Alternativen.

02/02/2024 Kaffi Alternativen

Beléift si schwaarzen a gréngen Téi, oder Matcha, dee schon eng Zäitchen am Trend ass. Mee och Kärekaffi, wéi Dinkel Roggen oder Geescht, steet uewen op der Lëscht, deen sech ganz gutt fir Leit eegent, déi eng méi frëndlech Variant fir de Mo sichen. De Geschmaach ass éischter Mëll a wéineg intensiv. Am Géigesaz zu Arabica, Robusta a Co. ginn se net aus geréischterte Boune gewonnen, ma aus heemesche Planzen, Friichte, Som oder och Wuerzelen, Carlo Sauber, Kach am LTB zu Bouneweg:

De Chicorée ass aus enger Wuerzel gemaach, huet ganz staark Batterstoffer, dofir net ëmmer ganz beléift, awer am Zesummenhang, wann een dat e bësse wëllt bäimëschen, zum Beispill bei deenen anere Käre, wéi de Malz, oder awer och de Spelzkaffi, deen dann aus deene Kären déi geréischtert ginn, manner Röstbitter hunn, dat heescht, déi Käre si manner batter, wou dann de Chicorée e gudden Zousätz ka sinn fir de Goût ofzerënnen, well dee méi stramm an de Batterstoffen ass.

Wat ass da, wa mer no enger Zort Kaffialternative sichen, déi dem richtege Kaffi am meeschte gläicht? Op wat fir eng Zort kann een do zeréckgräifen?

Dat ass déi schéin "Digitale" Blumm, wéi se a Frankräich genannt gëtt, déi am Summer an de Faarwen rosa, oder schéin hellblo blitt, allerdéngs an deem Zoustand gëfteg ass, mee als Lupinen, als Kaffi, ganz gutt Röstaromen huet, glutefräi, ganz wéineg Saier huet an esou eigentlech bei de Kaffisamateuren esouguer och seng Plaz fënnt, well en dem Kaffi extrem no ass am Goût. D'Lupine ass deemno eng vun de gréisste Konkurrenten, déi dem Kaffi am nooste kënnt.  

Fir de Malzkaffi, och de "Kannerkaffi" genannt, gi gemälzten (a Waaser ageluechte) Geeschtkäre genotzt, déi zum Keime bruecht- an dann nees gedréchent ginn.

En aneren interessante Punkt ass deen, dass déi Kaffiszorten, duerch de Manktem u Koffein, ganz interessant Alternative kënne si fir Kanner an se esou och hire Bedarf u Mineralie, mat deem Gedrénks komplettéiere kënnen.

Weider Gedrénks, wat als Alternativ genotzt ka ginn, si Buchecker, Iesskäschten, Eechelen, Figuen, Löwenzahn esou wéi och nach aner Karzorten, wéi de Mais oder de Roggen.

RTL

© pixabay