Wärend eigentlech Läinzeechen am Spréchwuert sexy sinn, empfanne Kriibspatientinnen dat awer ganz anescht. Fir déi meescht ass et eng Erënnerung un eng ganz schwéier Zäit déi ee léiwer vergiesse wëll an och d'Selbstvertraue leit massiv oder et huet een Angscht sech am Spigel ze kucken. Hei verschafft e medezineschen Tattoo net nëmmen eng physesch Rekonstruktioun, ma och eng mental Heelung.

D'Kënschtlerin Sandra Biewers tätowéiert scho ganz laang an huet virun 2 Joer eng nei Passioun entdeckt, nämlech Fraen ze hëllefen, nees an e gutt Kierpergefill ze kommen. E puer Joer no hirer Léier, hat se eng Cliente, déi d'Broscht erofgeholl an nei opgebaut krut:

06/02/2024 Best Of Moldokter 1

06/02/2024 Best Of Moldokter 1

Grad bei oder no Broschtkriibs hunn d'Fraen d'Tendenz déi Broscht ze schützen, oder sech ze verstoppen, sech anescht ze halen wéi soss. Dorënner kann d'Selbstvertraue massiv leiden.

06/02/2024 Best Of Moldokter 2

06/02/2024 Best Of Moldokter 2

"Medical Tattooing“ huet en aneren Zweck, wéi dekorativ Tattooen: Hei geet et drëms fir Haut a Kierperformen naturgetrei no ze bilden. Sief dat Läinzeechen duerch Blessuren, Operatiounen oder awer och fir Amputatiounen ze kaschéieren. Wichteg ze wëssen ass och, dass eng Haut mat Läinzeechen méi héich Uspréch un den Tätowéierer stellt, wéi eng gesond Haut. Dofir ass et besser sech an esou engem Fall un en Expert ze wenden, dee sech op medezinesch Tattooe spezialiséiert huet.