© Chris Emil Janßen/imago images
D'Nadja Abd el Farrag, ville Leit als "Naddel" bekannt, gouf als laangjäreg Partnerin vum Dieter Bohlen berüümt. Och wann hiert ganzt Liewe vun Héichten an Déifte gepräägt war, huet d'Moderatorin ni opginn. Den 9. Mee dëst Joer huet si eis verlooss. Nicky Soisson.
Sou oder sou änlech huet een d'Naddel alias Nadja Abd el Farrag an Erënnerung. De 5. Mäerz 1965 zu Hamburg gebuer, war hire Liewenswee schonn a fréie Joren alles anescht wéi monoton. Mat hirer oppener Aart huet si an den Hamburger Society Kreesser fir Opmierksamkeet gesuergt. Et war dann och hei wou si dee Mann kennegeléiert huet deen hiert Liewen nohalteg markéiere sollt.
Dat war 1989: An enger schicker Disko ass dem Naddel den Dieter Bohlen iwwert de Wee gelaf. D'Naddel gouf Backgroundsängerin fir de Projet Blue System an ass bei de Bohlen a seng Villa geplënnert. No 12 Joer war du Schluss fir d'Naddel well de Poptitan huet sech getrennt.
Ma ënnerkréien huet d'Naddel sech ni gelooss. Et gouf moderéiert, e Kachbuch geschriwwen a spéider goung et dunn och nach an den "Dschungelcamp" genee sou wéi an de Container vu "Promi Big Brother". An awer krut déi fréier Animatrice vun der RTL2 Sendung "Peep!" kaum Opträg. A well jo awer iergendwéi Suen hu missten erakommen, huet d'Naddel sech zanter 2008 als DJane probéiert, huet dat eent oder anert Buch erausbruecht éier si 2016 en Optrëtt op RTL Bei "Raus aus den Schulden" hat. Och mat de Männer hat d'Nadja Abd el Farrag net vill Gléck an esou huet sech hiren Häerzenswonsch der eegener Famill leider ni verwierklecht.
2024 ass et du ganz roueg ëm d'Naddel ginn. Dunn dëst Joer, e puer Wochen no hirem 60. Gebuertsdag ass d'Animatrice, Auteur, Sängerin a DJane zu Hamburg am Spidol un Organversoe gestuerwen.