De Peter Plate an d'AnNa R. ware Rosenstolz; vun 1991 un hu si zesumme Musek gemaach. Dëst Joer ass déi däitsch Sängerin am Mäerz onerwaart am Alter vu 55 Joer gestuerwen. D'Marie Gales mat engem klengen Portrait.

01/11/2025 In Pace: AnNa R vu Rosenstolz

Texter, déi zum Nodenken ureegen an och un d'Häerz ginn, an dann och déi aussergewéinlech Stëmm, dat alles huet Rosenstolz ausgemaach. An déi Stëmm war dem AnNa R. seng.

D'AnNa R. mam biergerlechen Numm Andrea Neuenhofen, gebuer Rosenbaum koum Chrëschtdag 1969 zu Ost-Berlin op d'Welt. Schonn zu DDR-Zäite wollt si Fouss am Musekbusiness faassen, ass awer mat kriteschen Texter ëmmer nees op Widderstand gestouss. No der Däitscher Wiedervereinigung koum dunn d'Band Rosenstolz zestanen, ganz kleng ass et ugaangen.

Alles mä keen einfache Wee, wéi de Peter Plate an d'AnNa R. an enger Dokumentatioun erzielt hunn.

2021 gouf et fir den 30. Gebuertsdag vu Rosenstolz d'Dokumentatioun ''Liebe ist alles'', wou een de ganze Werdegang vun der Band Revue passéiere léisst. Bis 2012 blouf d'Band Rosenstolz zesummen, iergendwéi war d'Loft eraus an den Drock ze grouss. Kuerz duerno hat d'AnNa R. d'Band ''Gleis 8'' gegrënnt an ass och bei ''Silly'' opgetrueden. Och solo huet si Musek erausginn.

Rezent koum dem AnNa R. säi 2. Solo-Album posthum ''Mut zur Liebe'' eraus. 10 Lidder hat si nach agesongen a sollt dëst Joer op Tour domadder goen. Dozou sollt et dann net méi kommen.