Wann een u bekannte Lëtzebuerger Affekoten denkt, kënnt een net laanscht en: de Gaston Vogel, am Volleksmond och als Vulle Gast bekannt deen eis lescht Joer, den  2. November, am Alter vu 87 Joer verlooss huet. D'Nicky Soisson mat engem klenge Portrait.

01/11/2025 In Pace Gaston Vogel

De Maître Vogel, wéi en a senger Zäit als Affekot genannt gouf, ass den 9. Oktober 1937 zu Walfer op d'Welt komm. Nieft sengem Beruff an der Justiz, war de Gaston Vogel och Auteur vu Bicher, kriteschen Essaien a Stellungnamen déi an der nationaler Press an och an der méi rezenter Lëtzebuerger Blogosphär publizéiert goufen.

D'Defense vun engem vun den accuséierte Polizisten am Prozess ronderëm d'Affär "Bommeleeër" bei deem déi 2 Gendarme vun den Attentater aus den 1980er Joren  fräigesprach goufen, huet gewisen, dass de Vulle Gast capabel war komplex Geriichtsaffäre mat Succès ze geréieren.

An der Ëffentlechkeet hat hien de Ruff vun engem „enfant terrible“, wat hien zum Deel och selwer ugestëppelt huet a wat e genoss huet. Leit, déi him méi no stoungen, schwätzen awer vun engem déifgrënnege Mënsch, dee méi Facetten hat. 

Inhaltlech war an ass de Maître Vogel fir seng kritesch Aussoe géintiwwer der Kierch an der Monarchie bekannt, souwéi zu politesche Problemer wéi zum Beispill d'Affär Bommeleeër an den Europäesche Referendum. A sengem Buch „Pour Jésus, le Parent pauvre du Christianisme“ huet hien 1989 d'Verhale vun der kathoulescher Kierch am Hibléck op Kricher, Fräiheeten, Fraen, Minoritéiten a Judden ënner d'Lupp geholl.

Haut, bal ee Joer nom Dout, ass et virun allem säi Stil beim Schwätzen a Schreiwen deen hänke bliwwen ass.