Si huet mat Schimpansen geschwat an d’Welt huet gelauschtert. D’Jane Goodall hätt sech kënnen UN-Friddensbotschafterin, Dame of the British Empire an ettlech (Éieren-)Doktorater op hir Visittekaart schreiwen, ma ass trotz dem internationale Succès ëmmer modest bliwwen. Hire staarke Wëlle, fir d'Welt zu enger besserer Plaz fir Mënsch an Déier ze maachen huet se bis zu hirem Dout ugedriwwen. Mat engem Notizblock, Gedold an engem onermiddleche Glawe un d’Verbindung tëscht alle Liewewiesen huet si d’Bild vun eiser Platz an der Welt nei definéiert. Michèle Schons?

01/11/2025 In Pace: Jane Goodall

Gebuer am Joer 1934 zu London, huet si sech als jonk Meedchen scho mat Freed fir d'Natur an déi wëssenschaftlech Secrete vun der Déierewelt interesséiert. Wéi si 26 Joer al war, ass si op Gombe, an Tanzania gaangen an huet do eng Rees ugefaangen, déi net nëmmen d’Primatologie, mä och eist Wëssen an d’Mënschheet verännert huet.

Wat si nämlech mat hiren Aen am Dschungel gesinn huet - Schimpansen déi Instrumenter benotzen, déi e komplext soziaalt Geflecht hunn, individuell Charaktere weisen, mat Gefiller, Emotioune wéi Laachen, Trauer, Patriarchat an och sozial Konflikter - huet d’Wëssenschaft erausgefuerdert an eis dozou bruecht z'iwwerdenke, wat eis als “mënschlech” definéiert.

RTL

© AFP/File/SUMY SADURNI

Mee d'Dame Jane Goodall war net nëmmen d’Wëssenschaftlerin, déi observéiert huet, si war och eng Inspiratioun, eng Aktivistin, eng Educatrice. Mat hirem Institut a mam Projet Roots & Shoots, huet si Jongen a Meedercher op der ganzer Welt dozou encouragéiert, sech ëm d’Natur ze këmmeren, d'Bëscher ze schützen an Aarten z'erhalen. Bis zum Schluss huet d'Jane net opgehalen.

Wat kënne mer aus hirem Liewe mathuelen?

Dass Courage a Gedold grouss Saache bewierken: Si huet ugefaangen ouni formal universitär Ausbildung, mä mat Freed, Leidenschaft a vill Observatioun. Dass Mënsch an Natur keng getrennte Welten sinn, mee datt mir en Deel vum Ganze sinn a méi Empathie entwéckele kënnen, wa mir oppassen wat eis Ëmwelt, wat Déieren, wat de Planéit eis spigelt. An, dass Hoffnung net Blann ass: Et geet ni drëms, ze jugéieren, ma drëms ze heelen, ze léieren a ze handelen.

Mir gedenken dofir haut net nëmmen enger Wëssenschaftlerin, mä eng Léierin vun Zesummenhalt, Verantwortung a Léift fir all Liewen. Den Androck, deen si hannerlooss huet, wäert nach vill Jore weider kléngen.

RTL

© AFP/JOEL SAGET