Am August huet de Robert Redford nach seng 89 Joer gefeiert an de 16. September koum déi traureg Nouvelle, datt hien am Schlof gestuerwen ass. D'Marie Gales erënnert un ee vun de gréisste Staren an der Filmgeschicht.

01/11/2025 In Pace Robert Redford

Zanter de spéiden 1960er Joren huet de Redford zu de bekanntsten US-Schauspiller gezielt. Zu senge ganz grouss Filmer ziele ''Butch Cassidy and the Sundance Kid'' nieft Paul Newman, ''All the President’s Men'' nieft Dustin Hoffman, ''Out of Africa'' un der Säit vum Meryl Streep, ''The way we were'' mam Barbra Streisand'' an nach mam Mia Farrow an ''The Great Gatsby''. D'Lëscht ass riseg. Mam Brad Pitt huet en och vill geschafft, ënner anerem am Film ''Spy Games''.

Hie selwer war och als Regisseur aktiv a gouf fir de Film ''Ordinary People'' mam Oscar ausgezeechent. Iwwerhaapt hat hie sech ganz der Welt vum Film verschriwwen. Bis an den héijen Alter war hien ëmmer nees hannert a virun der Kamera ze gesinn. Och remarkabel seng Prestatioun am Film ''All is lost'', wou hie quasi nonstop eleng am Film ze gesinn ass op sengem Seegelschëff, datt amgaangen ass ënnerzegoen.

Als ee vun den Grënner vum Sundance Institute, enger Organisatioun, déi onofhängeg Filmer an Theaterstécker ënnerstëtzt an als Initiateur vum Sundance Film Festival am US-Bundestaat Utah, konnt de Redford Filmregisseure wéi dem Quentin Tarantino, de Coen-Brothers oder dem Jim Jarmusch den Duerchbroch erméiglechen.

RTL

© afp

Och wa probéiert gouf de Robert Redford an den Tirang vum Film-Beau a Sunnyboy ze stiechen, de Redford hat vill méi méi drop wéi just en attraktiivt Ausgesinn. Esou huet hie sech vun der Hollywood-Schickeria ewech gehalen an hat sech voll a ganz fir den Ëmweltschutz staark gemaach. 

Esou wäit en Extrait, wéi en 2015 virun der UNO geschwat hat.

2 mol war de Redford bestuet, fir d'lescht mat der Däitscher Molerin Sibylle Szaggars an hien hannerléisst 2 Duechteren. Säi Fils Scott hat hien 1959 duerch de Kandsdoud verluer a säi Fils James ass viru 5 Joer u Kriibs gestuerwen.