Eng Longenentzündung war d'Doudesursaach vum Diane Keaton, wéi hir Famill matgedeelt huet, e puer Deeg nom Doud, den 11. Oktober. Déi amerikanesch Actrice mam Chamäleon-Talent konnt an de verschiddenste Filmer brilléieren. Dat goung vun déiftrauereg bis immens witzeg. Op d'Diane Keaton war Verlooss. D'Marie Gales kuckt zréck op eng aussergewéinlech Fra.

01/11/2025 In Pace Diane Keaton

Schonn s eleng duerch hiert net gewéinlecht Optrieden zu Hollywood, alt a Männerkostümer, ëmmer elegant a flott dezent, huet d'Diane Keaton op sech opmierksam gemaach. Abee si hat et eeben net néideg wéi en Zirkuspäerd verkleet ze sinn fir datt een op si gekuckt huet. Si hat eng immens Aura an huet dat zimmlech direkt um Ufank vun hirer Karriär gewisen, dat am Film ''The Godfather'', als Fra vum Mafiaboss un der Säit vun hirem Kolleeg Al Pacino.

RTL

© Screen legend Diane Keaton was beloved for her role as Annie Hall in Woody Allen's film of the same name © AFP/File/Patrick T. FALLON

Zeréckhalend huet ee si an der Trilogie ''The Godfather'' erlieft, witzeg sprëtzeg dergéint an de Woody Allen Filmer, am ganzen 8 Stéck, wéi Manhattan oder Annie Hall.

Fir de Leschtgenannte gouf et och en Oscar. Ganz anescht ass d'Diane Keaton an de Filmer ''Father of the Bride'' ze erliewen, an deene si déi gutt a léif Fra gëtt mam Versteesdemech fir d'Papp-Duechter Relatioun. D'Lëscht ass riseg mat gudde Produktioune vum Diane Keaton, do wier och nach de Film ''Morning Glory'' nieft Harrison Ford, e Film iwwert dat sougenannten ''Amerikanescht Frühstückfernehen'', wou si déi lëschteg-zynesch Co-Animatrice spillt.

RTL

© Diane Keaton 1993 TRISTAR PICTURES / JACK ROLLINS / COLLECTION CHRISTOPHEL VIA AFP 27052025

D'Diane Keaton war fir all Film eng Beräicherung, och wann et net ëmmer d'absolut Haaptroll war. Egal, war de Film eriwwer, ass d'Diane Keaton an Erënnerung bliwwen. Si war en Teamplayer, no hirem Doud hunn hir Kolleegen dat virun allem ënnerstrach. An dat mierkt een. An elo wou mir op déi feierlech Deeg histeieren, ''The Family Stone'' mat hir als Matriarchin vun hirer grousser Famill, ass wäermstens ze recommandéieren. Nuesschnappech net vergiessen!

D'Diane Keaton war net bestuet, doriwwer huet se ëmmer gäre de Geck gemaach. Hir Léift huet hiren 2 adoptéierte Kanner gehéiert, den Déieren an de Sans-Abris, fir déi si sech vill agesat huet. 

80 Joer hätt d'Diane Keaton elo den nächste Januar kritt.