© Wikipedia
'Eng vun de gréissten italieeneschen Actrice vun allen Zäiten ass gestuerwen', esou huet den italieenesche Kulturminister gesot. Déi franséisch Kulturministerin huet vun der 'Franséisin am Häerz' geschwat. D'Welt huet am September ëm d'Claudia Cardinale getrauert. Eng Schéinheet déi iwwer Joerzéngten am Kino present war. D'Michelle Reiter mat e puer Etappen aus dem Liewe vun der Actrice, genannt 'La Cardinale'.
01/11/2025 In Pace: Claudia Cardinale
E Weltstar ouni Allüren. D'Diva mam grousse Laachen. Eng Madamm déi net huet missen op Hänn gedroe ginn. Den 23. September ass d'Claudia Cardinale am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
Am meeschte gelies