De Bongert ass am Moment gutt voll, op ville Plaze kann een Äppel plécken, ma wann een se da bis gepléckt, respektiv am Supermarché kaaft huet, da muss een och wësse wei een d’Äppel richteg stockéiert. De Loïc Juchem war beim Nico Hoffmann um Prettemer Haff zu Lampech.

24/10/2025 Et ass Äppelzäit

Hien huet den Haff 1994 iwwerholl, nodeems een uganks virun allem Mëllechkéi gehalen huet, koum awer no an no en ëmdenken. 2003 goufen déi éischt Uebstbeem geplanzt an et hat een eng Recolte vun 150 kg, 2009 huet een sech da just nach op d’Uebst konzentréiert. Quetsche, Kiischten, Bieren an Äppel wuessen elo zum Lampech an 2025 ass e ganz gutt Joer gewiescht. Uganks September huet ee mat de Bieren ugefaangen, elo bis uganks November ginn nach déi lescht Äppel erageholl.

24102025 Et ass Aeppelzait CUT 1

An Däitschland ass den Apel zanter Joren dat beléifsten Uebst, zu Lëtzebuerg dierft dat änlech ausfalen. Wichteg ass dann och wéi een d’Äppel stockéiert, am beschte gutt kill.

24102025 Et ass Aeppelzait CUT 2

En Apel hält sech an der Reegel e gudde Mount, wann e richteg gelagert ass. 13 verschidden Äppelzorte si beim Nico Hoffmann um Haff ze fannen, déi een dann och direkt an hirem Shop ze kafe kritt. Wie net weess wat domat maachen: Äppelchips, Kompott, eng gutt Taart oder Viz. Wéi en Apel geheiert dann an de Viz?

24102025 Et ass Aeppelzait CUT 3

Gala, Elstar a Wellant zielen iwwregens zu de beléifsten Zorten.