Et raschelt an de Blieder, et richt no Hierscht a genee elo ass och d'Zäit vun der Iëss-Käscht. Dat sinn déi mat der ganz pickeger Schuel an der muusseger Spëtzt. Et kennt een se besser als Marron, sief et als Geméis oder an der Pâtisserie. Ma d'Marron kann nach vill méi. 

28/10/2025 Käschtenzäit - Marronen an alle Variatiounen

Si wiisst virun allem a südleche Regiounen, ma et fënnt een se och ëmmer méi dacks bei eis. Si brauch Hëtzt a Liicht an hir Friichte sinn am Oktober zeideg. Anescht wéi d'Päerdskäscht, déi fir Mënsch, Hond a Päerd ongenéissbar ass, ass d'Marron eng richteg kleng Kraaftnoss. Hir Schuel gesäit aus wéi en Igel a bannendra schlofe meeschtens zwou oder méi Marronen. De Kach David Albert erkläert:

Hire Räichtum läit am Iessberäich, well se ganz staark an héich an de Vitaminne sinn, ob et elo B9 ass, B6, B1, B2, do si se ganz héich, am Glucide, do si mer och ganz héich fir esou eng Fruucht a wat och ganz interessant ass, ass eeben och hire Mineralgehalt. 

RTL

© pixabay

An der Kiche sinn d'Marronen richteg beléift. De Goût - mëll séiss, liicht nosseg, mat enger mieleger Konsistenz. Gekacht oder püréiert passen se bei d'Wëld, déi meescht kennen se geréischtert vum Chrëschtmaart:

An dat kënne mer jo och selwer doheem maachen. De klengen Trick ass dass déi mussen ageschnidde ginn, sou kräizförmeg an da loosse mer se am Uewen op 220 Grad, 20 bis 25 Minutten goen, jee no deem wéi déck se sinn. An duerno, wann een se eraushëlt, ass et ëmmer am beschten, se nach wärend zéng Minutten einfach direkt an e bësse Pabeier anzepaken, duerch hir Fiichtegkeet, déi se nach ofginn a Kondenz bilden, sinn se da vill méi einfach ze schielen. 

RTL

© pixabay

An der franséischer an italienescher Kichen sinn se Traditioun a feste Bestanddeel vun der Hierscht a Wanterkichen. Wie kennt en net, de Mont Blanc mat Käschtepürée an der Patisserie? Oder nach eng aner Delikatesse:

Do fënnt een oft déi kleng, eenzel agepaakten, edel Marron Glacé, wéi d'Fransousen et soen. E zimmlech deiert Produkt, well eeben d'Verfaren ëmmer laangwiereg ass. Dat heescht, do ginn d'Käschten och ofgekacht an duerno gi se dann eeben am Sirop gekacht, eng zweete Kéier opgekacht an dann doranner leie gelooss, wärend engem Dag bis zwee Deeg. An da gi se e puermol hannereneen mat Zocker-Couverture glacéiert. An dofir ass dat wierklech en eenzelen eedele Produkt, deen een eenzel ze kafe kritt. 

Ob am Bësch gesammelt, oder am Buttek kaaft, d'Marron ass e saisonalen Highlight an si bréngt net nëmme Goût ma och e bësse Wäermt an déi kal Joreszäit. Vläicht hutt der jo elo och Loscht kritt fir der e puer am Schäffchen ze réischteren? 

RTL

© pixabay