© pixabay
Si blénkt wéi frësch lackéiert a läit zu Dosenden op Weeër a Wisen. D'Päerdskäscht ass d'Musterbild vum Hierscht, fir Kanner e Bastelparadäis, fir Erwuessener dacks en nostalgesche Réckbléck an déi eege Kandheet. Ma esou schéi wéi d'Käscht ausgesäit, iesse kann een se net. Réi a Wëldschwäin kënnen se verdauen, Hond, Päerd a Mënsch sollte léiwer d'Patten dervu loossen. Am Géigesaz zu der Marron si gëfteg Batterstoffer dran, déi Mo-Darm Problemer maache kënnen.
Réi a Wëldschwäin kënnen se verdauen, Hond, Päerd a Mënsch sollte léiwer d'Patten dervu loossen. Trotzdeem ass d'Päerdskäscht méi wéi nëmme schéin unzekucken, Lieke Mevis aus dem Haus vun der Natur:
Wat vill Leit awer net wëssen, ass datt een d'Käschten och ka gebrauche fir ze fierwen, also se ka gebraucht ginn, fir virun allem Stëfter an dann an deem Fall Naturfaasere wéi Woll oder Kotteng ze fierwen. Mat deenen Auszich aus de Käschten kann een da bei de Stëfter eng Faarfpalette vu Giel iwwer Beige a verschidde Brongtéin erreechen.
© pixabay
Och als Insekteschutz kënnt d'Käscht an den Asaz - Hire Geroch soll Spannen a Matte verdreiwen, ob als Polver, gedréchent oder a selwer gemaachen Doftkëssen. An An hirem Kär stécht Saponin:
Duerch d'Saponinen an de Käschten kann een se wéi Seef gebrauchen, se kann allerdéngs déi normal Seef net ganz ersetzen, well et awer net grad esou effikass ass wéi Seef, mee dee rengegenden Effet hunn déi Käschten awer och.
© pixabay
D'Päerdskäscht ass awer och scho ganz laang als Heelmëttel bekannt:
An der Naturheilkunde gëtt et zum Deel gebraucht, fir Crèmen an Tinkturen ze maachen oder eeben och fir Foussbieder domat unzesetzen. Dat kann hëllefe bei schwéiere Been oder wann een do laangem Stoen d'Been an d'Féiss geschwollen huet. Et kann och hëllefe bei bloe Plazen an et huet eeben eng gewëssen Entzündungshemmend Wierkung.
D'Päerdskäscht ass also kee Snack fi den Uewen, ma trotzdeem e richtegt Multitalent, als Heelplanz, als Naturseef oder als Bastelmaterial, kombinéiert mat e puer Zännstëppeler. Heiansdo leien déi kleng Schätz eben direkt um Wee.
© pixabay