"Silence, On Lit!", sou den Numm vun engem neie Lies-Projet deen e Freideg offiziell am Lycée Michel Rodange virgestallt gouf.
Ëm wat et hei genee geet, erkläert de Jean-Claude Hemmer, Direkter:
"Et geet drëms, dass déi ganz Schoulgemeinschaft, dat heescht Schüler, Professeren an och dat anert Personal sech zu engem bestëmmten Zäitpunkt zéng Minutten hëlt an da jiddereen an engem perséinleche Buch liest."
Praktesch gesinn, kann ee sech dat esou virstellen:
"No der klenger Paus, moies 9:55 Auer wann et schellt fir rëm zeréck an d'Klass, dann hunn d'Schüler eben hir Lieszäit an de Professer liest och mat, an zéng Minutten dono schellt et dann erëm eng Kéier an da geet déi normal Schoulstonn lass, déi dann awer nach eng Kéier fofzeg Minutten dauert."
D'Initiative huet hiren Ursprong an der Tierkei wou dee Projet well 2001 lancéiert gouf éier en a Frankräich vun enger Associatioun opgegraff gouf. D'Iddi hannendrun ass u sech ganz einfach:
"Dass Schüler mol wierklech rëm léiwer liesen. Et ass elo esou, dass mir feststellen, si liesen haut TikTok an Änleches, dat geet da schnell Kéier, do gëtt erop an erofgewëscht an hei solle sech bëssen Zäit huelen a sech verdéiwe kënnen. A mir kommen zur Rou no der Pauas, dat ass och ee wichtegen Aspekt."
Nieft dësem neie Liesprojet sëtzt sech de Lycée Michel Rodange schonn eng Zäitche fir d'Liesen an.
"Wat mer scho méi laang haten, dat ass eise grousse Liesconcours wou d'Schüler Bicher virgestallt kréien, wat se liesen an da kréie se do en Test driwwer. Anerersäits hu mer lo säit leschtem Joer ee Virliesconcours a wat méi modern ass, zum Beispill eis Instagram-Säit, de Fox's Pageturn wou Schüler Recommandatioune vu Bicher maachen déi se gutt fannen."
Duerch esou Initiativen erhofft ee sech nees méi Leit a virun allem Jonker fir d'Liesen ze begeeschteren. Vläicht zéie jo nach aner Schoulen hei am Land no.