© LCTO
Am Kader vun Halloween huet sech den LCTO en e bësse méi speziellen Tour duerch d'Stad afale gelooss. Riets geet vum "Gloomy past of the fortress" Tour. Hei léiert ee mol déi méi däischter a manner schéi Säite vun eiser Haaptstad kenneléiert.
Wat een hei erwaart, erzielt de Pit Pixius vum LCTO:
"Do gi mer zréck an d'Mëttelalter. Am Mëttelalter war d'Stad guer net propper, do war se ganz knaschteg, sou knaschteg, dass een heiansdo guer net mol mam Päerd heiansdo duerch reide konnt, an dann ziele mer och do wou d'Guillotine stoung, mir wëssen wou d'Hexen agespaart waren. An dann ziele mer mol e bëssen aner Säite vun eiser Festungsgeschicht."
Ee vun den Haaptprotagonisten an där Zäit war den Henker vun deem net dacks geschwat gëtt an deen awer bei dësem Tour an der Vierdergrond réckelt. Ralph Pletsch vum LCTO:
"Den Henker hat eng ganz wichteg Funktioun. En huet jo missten eben d'Strofen ausféieren. An d'Strofe waren déi Zäit ebe relativ haart mee et souz een ni laang an Untersuchungshaft, et war ëmmer fir relativ schnell ze strofen an exemplaresch fir dass d'Leit sollen Angscht hunn. Dofir war den Henker ënnert anerem do. Do sinn nach méi däischter Kapitelen, zum Beispill komme mir och ganz spezifesch op Hexeverfollgungen ze schwätzen, wat och hei zu Lëtzebuerg déi Zäit ganz grousst Thema war."
Nieft Fakte ginn awer op eng Rei Legenden ugeschwat an déi gi vum Stärchesgeescht bis zum Melusina wou et och deelweis grujeleg Detailer ze ziele ginn. A genee aus deem Grond ass den Tour dann och net fir Kanner gëeegent. Fir de Recht ass awer jidderee wëllkomm deen nach gutt ze Fouss ass.
De gloomy Past of the fortress Tour vum LCTO gëtt op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch ugebueden an dat op 5 Deeg:
"Mir fänke Mëttwochs, den 29. Oktober schonn un, ëmmer vun 18 bis 20 Auer, dat nämmlecht dann Donneschdes den 30., Freides natierlech op Halloween, Samschdes, den 1. November an da Sonndes vu 16 bis 18 Auer."
Wann och Dir wëllt bei dësem méi speziellen Tour vun eiser Stad dobäi sinn, da maacht Iech bäi soulaang nach Plazen do sinn. Weider Informatiounen an Tickete fannt Dir op luxembourg-city.com.