Kloteren op Halloween, ebe mol an engem mol aneren Dekor. Dat bitt d'Jugendherberg zu Iechternach dëse Freideg un.
D'Iddi ass et eng Aktivitéit fir déi ganz Famill unzebidden. Wat virdrun Halloween Wanderunge waren, ass elo d'Kloteren. Dat um Freideg den Owend. Martine Backendorf vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen:
"Mir fänken do un mat engem Schnupperkuer, op eng aner Aart a Weis, dekoréiert. Eis Animateure sinn natierlech och an deem deementspriechende Kostüm an dat ass vun 18 bis 19:30 Auer. An da kënnen d'Leit awer duerno och nach an der Escalade libre, wéi mer dat nennen, bleiwe fir dann nach weider hir Kompetenzen bëssen ze entwéckelen. Déi Leit déi schonn klamme kënnen, déi kommen einfach direkt an d'Escalade libre a wa se verkleet sinn, dann däerfen se och gratis dohinner kommen."
14 Meter héich kann een hei klammen. Fir de Schnuppercours sinn d'Plazen awer limitéiert an dofir soll ee sech do am Viraus umellen. Speziell Viraussetzunge fir hei ze klamme brauch een iwwregens keng:
"Et soll een einfach Loscht a Spaass hunn, egal ob grouss, kleng, wéi och ëmmer een ass mee mir recommandéieren awer bequeem Kleedung well ee sech natierlech awer do e bëssen beweegt. Also am beschte Sportskleeder, respektiv eng bequeem Halloween-Verkleedung déi een da soll matbréngen an Turnschong déi e bëssen flexibel sinn. Et kann een awer och bei eis Material ausléinen, also och Schong."
Weider Informatioune sou wéi och Tickete ginn et op youthhostels.lu ënnert Ticketshop.