Muer an iwwermuer verwandelt sech d'Fielser Buerg an eng grouss Bün fir en Theaterstéck bei där et ënnert anerem ëm d'Thema Halloween geet. Organiséiert vum Centre de monuments du Grand-Duché de Luxembourg, zesumme mat der franséischer Theater Compagnie "Olive de Luxe", ass net déi éischt Kéier, dass dës Trupp mat vill Succès de Wee op Lëtzebuerg fënnt. 

29/10/2025 balade nocturne

"Le château des frissons - la balade nocturne", sou den Numm vun dëser e bëssen anerer Visitt vun der Buerg. Anaïs Recken vum Centre de monuments: 

"Si proposéieren ee Programm, deen bësse witzeg ass. Si hunn och alleguerten ee Clown Personnage, deen och do wäert present sinn. Et ass bësse witzeg, bëssen awer am Theema vum Halloween, vum Grujel."

Dat Ganzt dauert ongeféiert annerhallef Stonn a riicht sech un Erwuessener a Kanner ab 7 Joer. Viraussetzung ass allerdéngs, dass een nach gutt ze Fouss ass an och keng Poussette matbréngt:

"Wann een d'Méiglechkeet huet seng Kanner, wann ee wierklech e ganz kleng Beebe mat derbäi hat, fir deen u sech ze bannen, dat ass  praktesch, well ganz am Schluss geet et fir déi déi vläicht kennen, an d'Kriechinger Haus erop an do si ganz vill Trapen. A wann et sollt reenen, dann gëtt dee ganze Programm an d'Kriechinger Haus verluecht."

A propos Reen, déi richteg Kleedung ass hei wichteg: 


"Et ass deels dobaussen an deels dobanne mee och dobannen ass et net extreem waarm. Dofir, wann ech gelift et ganz gutt undoen, eng waarm Jackett, och falls et mol bësse soll reenen, eppes géint de Wand a géint de Reen."

Lass geet et jeeweils um 19 Auer an Tickete ginn et hei: