© afp
Mam Album "Pet Sounds" hunn d'Beach Boys 1966 Museksgeschicht geschriwwen. Den 11. Juni dëst Joer ass hire Kapp a Grënnungsmember Brian Wilson am Alter vun 82 Joer doheem zu Beverly Hills gestuerwen.
"Heiansdo vermëssen ech de Respekt, ech muss mer wuel méi en décke Pelz zouleeën."
De Brian Wilson war kee Popstar, op alle Fall keen, deen et no bausse gewisen huet. Mä en hat onmoosseg vill Bewonnerer, och prominent Museker ewéi Bruce Springsteen, Elton John oder Paul McCartney, mat deem en eng liewenslaang Frëndschaft verbanne sollt.
© afp
1942 zu Inglewood a Kalifornie gebuer, deen eelste vun 3 Bridder déi all Deel vun de Beach Boys waren. De Papp war museksbegeeschtert an huet senge Bouwe scho fréi déi Flou an d'Ouer gesat. De Brian um Bass, de Carl op der Gittar an den Dennis op der Batterie. Dobäi koumen nach de Koseng Mike Love an de Schoulkolleg Alan Jardine.
© Universal
An dëse Quintett huet an de 60ties mat melodiéisem, gutt-gelauntem a perfekt produzéiertem Surf-Poprock net nëmmen Amerika mä och eise Kontinent un d'Danzen an d'Dreeme bruecht.
De Brian Wilson war de kreative Kapp, seng Kompositiounen an Texter ware komplex awer anengems aussergewéinlech harmonesch agekleet an arrangéiert.
Mam Succès ass de Wilson leider ni richteg eens ginn. Dobäi koum de fréien Doud vu senge Bridder - den Dennis 1983 an de Carl 1998. Medikamenter an Drogen hunn em Ugangs nach seng Séil masséiert mä noutgedrongen um Enn erofgezunn. Kaum ze gleewen, mä de Brian Wilson hat Angscht virum grousse Mier, an huet Sand a Sonn quasi gehaasst. Ausserdeem koum et an de Joren ëmmer nees zu Sträit mat der Band, awer och zu Comeback-Albumen a -Concerten. Donieft huet de Brian net manner ewéi 10 Solo-Produktiounen erausbruecht.
© afp
Um Enn ass de Brian Wilson un Demenz erkrankt a wéi zejoert seng Fra, mat där e 5 Kanner adoptéiert hat, mat 77 Joer Äddi gesot huet, war och säi Liewenswëlle gebrach.
De Brian Wilson, kee Beach Boy aus ëm Billerbuch mä e sensibelen, komplexen a passionéierte Museker. Wee weess, ob et nach eemol esou ee wéi hie wäert ginn? "God only knows ..."
© Foto: Michael Ochs Archives