Si war eng vun de grousse Stëmmen am Soul: Roberta Flack. Gebuer 1937 an North Carolina, wollt si eigentlech Concertpianistin ginn – mee d’Musek huet si an eng aner Richtung gedréckt. Dan Spogen

01/11/2025 In Pace: Roberta Flack

Si huet scho mat néng Joer Piano gespillt a war esou talentéiert, datt si mat 15 Joer e Stipendium fir d’Howard University krut – als eng vun de jéngste Studentinnen do.
Nom Studium huet si als Museksproff geschafft an owes an Jazz- a Soulclubs zu Washington gespillt. Do gouf si vum Jazzmusiker Les McCann entdeckt, deen hir e Kontrakt bei Atlantic Records verschaf huet.

Hiren Duerchbroch koum 1971, wéi de Clint Eastwood hire Song "The First Time Ever I Saw Your Face" fir säi Film "Play Misty for me" benotzt huet. Et war dem Eastwood sain Debut als Realisteur. D’Lidd gouf Nummer 1 an huet 1973 e Grammy als „Record of the Year“ kritt.
E Joer drop huet si mat Killing Me Softly Museksgeschicht geschriwwen – eng Hymn, déi spéider och vun de Fugees nei interpretéiert gouf.

D'Roberta Flack huet an hirer Karriär am ganzen 4 Grammys gewonnen, 2020 krut si de „Lifetime Achievement Award“. De Grammy Lifetime Achievement Award gëtt un Kënschtler oder Gruppen verginn, déi e bedeitende, laangjärege Bäitrag zur Musek geleescht hunn.
Trotz engem Schlag am Joer 2016 an enger ALS-Diagnos am Joer 2022 ass si bis zum Schluss eng Fra bliwwen, déi ëmmer rëm no Réckschléi opgestanen ass. 
Bestuet war d'Roberta Flack wärend knapp 6 Joer, bis 1972. D'Trennung vun hirem Mann, engem Jazz-Bassist koum, wou de groussen berufflechen Duerchbroch koum. Eege Kanner hat d'Sängerin awer keng.
Den 24. Februar 2025 ass si am Alter vun 88 Joer zu New York un Häerzversoen gestuerwen...