© Photo by PRIMA BAROL / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP
Hie war de Meeschter vum zäitgenëssegen surrealen Kino, e Visionär, deen d’Grenze vum Méiglechen ëmmer nees nei definéiert huet. "De Liiblingsregisseur vun dengem Liiblinsregisseur" gëtt dacks gesot.. en eenzegaartegt Phenomen, dat soubal net méi rëmkënnt. Den David Winter erënnert un den US-Regisseur David Lynch, deen am Januar dëst Joer gestuerwen ass.
Den David Lynch, gebuer den 20. Januar 1946 zu Missoula am US-Bundesstaat Montana, ass den 15. Januar 2025 am Alter vu 78 Joer zu Los Angeles gestuerwen, dat wärend deems och déi schlëmm Bränn LA an Otem gehalen hunn. Seng Famill huet säi Doud mat de Wierder kommentéiert: "Behalte den Donut am Aen – net d’Lach.", e Sprooch, deen de Lynch selwer dacks gesot huet an och gutt seng Konscht resuméieren.
Den David Lynch huet seng Carrière u sech als Moler ugefaangen. Hien huet zu Boston an dono a senger spéiderer Inspiratiouns-Stad Philadelphia Konscht studéiert, éier hien dunn no an no an d’Filmwelt agedaucht ass. Seng éischt Wierker waren experimentell Kuerzfilmer – grotesk, arty, onheemlech, a voller Symbolik. Mat sengem éischte Long métrage "Eraserhead" (1977) huet hien sech direkt als Ausnamekonschtler etabléiert. De Film gouf séier zu engem Kultklassiker an huet ganz séier d'Filmwelt op sech opmierksam gemaach.
1980 huet hien "The Elephant Man" gedréint – eng déifgräifend Geschicht iwwer Mënschlechkeet an Ausgrenzung. Dëse Film krut de Lynch iwwregens als Optrag vum Mel Brooks, nodeem och dëse mat Eraserhead vu sengem Talent iwwerzeegt gouf. De Film krut aacht Oscar-Nominatiounen. Ma de Lynch wollt méi wéi just klassesche Kino maachen. Hien huet ëmmer nees déi mënschlech Ofgrënn hannert der amerikanescher blénkeger Fassad exploréiert an och mol ënnert déi säfteg gréng Wiss an de Virgäert gekuuckt, dat mat "Blue Velvet", "Lost Highway", "Mulholland Drive", „Wild at Heart“ oder "Inland Empire".
Seng Wierker si voller Alpdramaartegen a beklemmenden Zeenen a surrealistesche Symboler, vill Froen ouni Äntwert. Si sinn net ëmmer einfach ze verstoen – dacks muss een dëst och net, genee dat ass dat wat seng Filmer ausmécht, dat Mysteriéist. Den Ausdrock "Lynchesque" ass jo mëttlerweil och en eegent adjektiv am Sproochgebrauch ginn.
An dann ass do nach d'Serie "Twin Peaks", déi hien zesumme mam Mark Frost erschafen huet, déi Enn der 80er Joren d’Televisioun revolutionéiert huet. D’Fro "Wien huet Laura Palmer ëmbruecht?" huet eng ganz Generatioun gefesselt. 2017 koum dunn eng drëtt Staffel – nach méi mysteriéis, nach méi Froen... typesch Lynch.
Nieft Filmer huet de Lynch och Musek komponéiert, weltwäit Konscht ausgestallt, Reklamme fir bekannte Marke gedréint an Transzendental Meditatioun bedriwwen. Och seng Biller, Skulpturen a Fotoe sinn natierlech geprägt vun Zerfall, Donkelheet kombinéiert mat Fragmenter vum Alldag – ëmmer mat engem sublime surrealen Touch.
Den David Lynch ass un engem Häerzstëllstand gestuerwen, ausgeléist duerch eng chronesch Longenentzündung. Hien huet iwwer Joerzéngten ganz staark gefëmmt, dat huet seng Spueren hannerlooss. Ma bis zum Schluss ass hien awer en onermittleche Kënschtler bliwwen, e Mënsch dee mat enger staarker Energie a senger komplett eenzegaarteger Kreativitéit, e riisege Foussofdrock hannerlooss huet.