© afp
Den 3. Mee dëst Joer ass den Helmut Thoma op sengem 86. Gebuertsdag gestuerwen. Den Éisträicher war Mediemanager a laang Joren Chef vun RTL Television. De Raoul Roos mat engem Réckbléck op säi Liewen.
An der Mediewelt gouf en dacks als dee Mann bezeechent, deen d'Tëlee nei erfonnt huet. De "King of Privatfernsehn". Den Helmut Thoma huet den däitschen RTL an den 80er a 90er Joren grouss gemaach.
Fir den Éisträicher war de Kölner Privatsender säi Puppelchen.
Dobäi huet seng berufflech Karriär ganz anescht ugefaang. Gebierteg vu Wien mécht e fir d'éischt eng Léier an der Molkerei, hëlt an Oweskueren säin Abitur no a studéiert duerno Droit fir dann als Justiz-Beroder beim éisträichesche Rundfunk ORF ze schaffen.
1984 gëtt en Direkter vum däitsche Programm vun RTL an RTL Plus. Mam plënnere vu Lëtzebuerg op Köln an der Bedeelegung vu Bertelsmann goung et fir de Sender biergop.
Ënnert dem Thoma hu Leit geschafft wéi Thomas Gottschalk, Karl Dall an Hans Meiser.
En hätt ëmmer aus dem Bauch eraus Decisioune geholl. Esou koum och d'Format mam Hugo Egon Balder Tutti Frutti op déi däitsch Tëlee. Gute Zeiten, Schlechte Zeiten an och d'Formel 1 sinn de Verdéngscht vum Helmut Thoma.
Déi Gëlle Kamera, den Däitsche Mediepräis an en Emmy Award zielen zu de Präisser déi e krut.
1999 gëtt en da Medieberoder fir de Wolfgang Clement, deemools Ministerpräsident vun NRW.
Den Helmut Thoma war dräimol bestuet, ënnert anerem mat der Lëtzebuergerin Danièle Thoma déi laang Zäit seng Assistentin war. Den Titel vun hirer Autobiografie: Hochexplosiv. Mein Leben mit Mister RTL.
Den Helmut Thoma ass 86 Joer al ginn.