© afp
Am Mäerz verléisst eis ee vun de gréisste Boxer deen et jee gouf. Den George Foreman. De Raoul Roos mat engem Réckbléck op säi Liewen.
Gebuer gouf de Foreman am US-amerikanesche Marshall am Bundesstaat Texas. Hie war dee fënnefte vu 7 Kanner, hat eng schwiereg Jugend a fréi Kontakt zu Kriminellen.
Du koum de Boxsport. An enger Zäit an där déi Schwaarz Leit virun allem an de Südstaaten diskriminéiert goufen, war dëst eng Geleeënheet fir de Wee no uewen.
Seng Victoire 1968 bei den Olympesche Spiller zu Mexiko war den Entréesticket fir seng Profikarriär.
1973 war de Foreman prett fir de Kampf géint den Joe Frazier, aktuelle Weltmeeschter dee géint de Muhamad Ali gewonn huet. De Foreman gewënnt duerch technesche K.O. an der zweeter Ronn a gëtt domat Weltmeeschter. Et ass den Héichpunkt vu senger Karriär.
Den George Foreman war dee Gréissten. Bis en op deen Allergréisste getraff ass.
Et ass 51 Joer hir, den 30. Oktober 1974. Muhamad Ali géint George Foreman zu Kinshasa. De Rumble in the Jungle war de Boxkampf vum Joerhonnert.
© afp
Et ass och den Ufank vum Rope-a-dope. Eng Taktik bei där d'Seeler vum Réng benotzt ginn. De Big George wéi den George Foreman genannt gouf verléiert de Kampf, obwuel e bis dohin als onbezwéngbar gegollt huet. Bis deen Dag hat de Foreman 40 Kämpf hannerteneen gewonn, 37 duerch K.O.
Den George Foreman huet sech net ënnerkréie gelooss. Och wann en duerno u Sprëtzegkeet verluer huet.
1977 bis 1987 war Paus mam Boxsport. De Foreman ass als Priedeger duerch d'Land gezunn.
1987 de Comeback. Wéinst de Suen.
1994 gëtt en namol Weltmeeschter mat 45 Joer, 20 Joer nom Rumble in the Jungle.
Trainéiert vun deem Mann deen nach zu Kinshasa den Ali trainéiert huet.
1997 geet seng Karriär definitiv op en Enn. Den Ali bleift e gudde Frënd
Duerno verkeeft e Griller. D'George Foreman Lean Mean Fat-Reducing Grilling Machine. Iwwer 100 Millioune Stéck goufe bis haut verkaf.
De Foreman hannerléisst 5 Jongen. Alleguerte mam Numm George. Den Numm George Foreman lieft also definitiv weider.