Tragesch an awer authentesch – sou kéint een dem Michael Madsen säi Schauspill Stil beschreiwen. An méi wéi 300 Filmer huet hie matgespillt, an dat meeschtens an der Roll vum brutale Verbriecher oder sadistesche Psychopat. Den 3. Juli 2025 ass de Michael Madsen am Alter vu 67 Joer un engem Häerzstëllstand gestuerwen. 

01/11/2025 In Pace Michael Madsen

Dem Madsen seng Schauspill Karriär huet an de fréien 1980er ugefaangen, deemools nach op der Bün am Steppenwolf Theater zu Chicago. Seng éischt Film Erfarung war eng kleng Roll am Science Fiction Thriller "WarGames". 

Duerch seng Verkierperung vum Gangster Mr. Blonde am Quentin Tarantino sengem Krimi "Reservoir Dogs" gouf hien iwwer Nuecht weltberüümt. An enger bekannter Zeen aus dësem Film schneit hien als Mr. Blonde engem gefesselte Polizist d’Ouer of a schéngt sech dobäi gutt ze amuséieren. 

 

Dem Madsen ass et oft schwéier gefall, seng Rolle vu sengem richtege Liewen ze trennen. An engem Interview sot hien: "Ech mengen, ech war méi authentesch a menge Rollen, wéi ech hätt sollte sinn. D’Léit hu wierklech Angscht viru mir".

1992 war de Michael Madsen zu Lëtzebuerg, fir den Erotik Thriller "A House in the Hills" ze dréinen, an deem hien e charmante mee geféierlechen Déif spillt. Wat vill Leit net wëssen: de Madsen war och en Dichter an huet dräi Gedichter iwwert säin Openthalt am Grand-Duché geschriwwen. 

RTL

© Paul Lesch

RTL

© Paul Lesch

RTL

© Paul Lesch

RTL

© Paul Lesch

RTL

© Paul Lesch

Weider Filmer an deenen een de verstuerwene Schauspiller kucke ka sinn "Thelma & Louise", "Free Willy", "The First Eight", "Kill Bill: Volume 1" an "Kill Bill: Volume 2".