© AFP
Hien ass de Mann, deen d’Grenze vum Himmel nei gezunn huet. De Felix Baumgartner – Extreemsportler, Pionéier, Dropgänger. D’Céline Spithoven bléckt mat eis zeréck op säi Liewen.
1969 gouf hien zu Salzburg gebuer, an hat vu klengem un nëmmen den Draam ze fléien. Hien huet als Fallschiermsprénger ugefaangen, duerno Base-Jumps gemaach – vu Gebaier, Brécken, Helikoptere – ëmmer e bësse méi héich, ëmmer e bësse méi wäit.
Säi grousse Moment hat hien de 14. Oktober 2012. Beim Projet Red Bull Stratos ass de Baumgartner aus bal 39 000 Meter Héicht aus der Stratosphär gesprongen an huet als éischte Mënsch am fräie Fall d’Schallmauer duerchbrach. Millioune Leit op der ganzer Welt hunn dat live matverfollegt, wéi hie sécher um Buedem gelant ass - lieweg a mat engem neie Weltrekord an der Täsch.
No där Missioun ass et méi roueg ginn ëm hien. Hie war vill mam Paragleid ënnerwee, huet tëscht der Schwäiz an Italien gelieft – ëmmer mat demselwechten Drang no Fräiheet an Extremsport .
De 17. Juli 2025 ass et zu engem trageschen Enn komm: Beim motoriséierte Gleitschiermfluch un der italieenescher Adriaküst ass de Felix Baumgartner ofgestierzt a gestuerwen. Hie war 56 Joer al. D’Enquête huet spéider erginn, dass et warscheinlech e mënschleche Feeler war. Den Extremsportler wier och net duerch en Häerzinfarkt an d’Struewele komm, mee duerch d’Blessure bei sengem Opprall verscheet.
De Felix Baumgartner bleift an Erënnerung als een, deen ëmmer rëm iwwert d’Grenzen hinaus wollt. Hie steet bei villen Extremsportler symbolesch fir Courage a Fräiheet.