© AFP
E markante blonde Schnutz, e roude Bandana a en Tanktop, deen net laang ganz bliwwen ass – Dat kann nëmmen den Hulk Hogan sinn. No enger laanger Karriär ass de fréiere Wrestler am Juli verstuerwen. D’Céline Spithoven mat engem Portrait.
Hulk Hogan – mat richtegen Numm Terry Gene Bollea – ass den 11. August 1953 zu Augusta am US-Bundesstaat Georgia gebuer ginn. Fir d’éischt huet hie Baseball gespillt a war Bassist. An de spéide 70er Joren huet hie mat Profi-Wrestling ugefaangen. A scho kuerz drop ass hien zu enger weltwäiter Ikon ginn: mat senge giel-roude Kostümer, senger markanter Stëmm an der Energie, déi ustiechend war, wéi och säi bekannte Slogan.
© AFP
An de 1980er Joren huet den Hulk Hogan d’WWE, wéi si haut heescht, zu engem Welt-Phänomen gemaach an huet sech een Titel nom anere geséchert. Kämpf géint den Andre the Giant oder de Randy Savage si bis haut Kult. Duerno war hien och op der Leinwand ze gesinn, esou zum Beispill zesumme mam Sylvester Stallone bei Rocky 3
Awer säi Liewe war net nëmme Glanz a Show. No senge grousse Joren am Ring an am Film, koume gesondheetlech Problemer a perséinlech Krisen. Trotzdeem ass hien dem Wrestling trei bliwwen an dat bis zum Schluss.
De 24. Juli 2025 ass den Hulk Hogan am Alter vun 71 Joer a sengem Doheem zu Clearwater, Florida, un engem Häerzstëllstand gestuerwen.
Hie gëllt nach ëmmer als ee vun deene Männer, déi de Wrestling an d’Popkultur bruecht hunn. Fir vill Fans bleift hien e Stéck Kandheet.