Dës Woch ass zu Shanghai di gréissten Liewesmëttel Foire a China,
An dat am Bouneweger Lycée wou d’Ekipp Vatel Luxembourg ënnert den Aae vum Carlo Sauber a Ben Weber nach eng Kéier alles ginn huet. Déi hunn e bësschen d’Roll hei vum Coach iwwerholl hunn, fir dass den imposéierten 3 Gang Menu fir de Concours exakt nom Reglement zoubereet, dresséiert, an och zerwéiert gouf.
Effektiv ass et eng Première fir eng Lëtzebuerger Ekipp un engem Culinary Event a China deelzehuelen, an dat op Invitatioun vum Organisateur.
Et ass fir d'éischte Kéier an eng grouss Eier fir eis fir dass mir do dierfen dobäi sinn. Net einfach esou op Invitatioun, mee et geet och wierklech dorëms dass di Ekippen déi do participéieren eben och zu engem Krees gehéieren déi censéiert sech um Welt Marché ze manifestéieren. A wat och ganz flott ass, dass et net Ekippe sinn, déi e schonn enzwousch anescht gesinn huet, an dass och esou e klengt Land wéi mir d'Chance huet sech e bësschen ze profiléieren.
Net esou evident fir sech virzebereeden?
Wëll eréischt virun engem Mount de panier bekannt ginn ass wou fir 12 Leit muss gekacht ginn a 4 Stonnen. Mat engem Thema wou d'Proteine festgeluegt sinn. Lachsforell fir Entrée, duerno ass den Hämmel um Programm, den Dessert en élément wat muss waarm sinn, an e kaalt Element dobäi, an eng Crème Mousse soll dra mat dra sinn. Wat dann eben den Défi ass fir dat kënnen an 2 Méint ze plangen, de Bong ze maachen, seng Bestellung ze maachen, an och dann esou ze trainéieren dass op deem Niveau ka mat deenen anere Länner konkuréieren.
Et heescht sech behapten géint Ekippen an der Kompetitioun, déi aus China, Mexico, Ghana, Neiséiland, oder de Philippine kommen.
Eist Team besteet aus dem Thomas Murer, Victor Thill, Lucas Andrieux an de Lio Semedo.
Jo den Team Geescht an d’Motivatioun waren deen Owend am Bouneweger Lycée ze spieren?
Dat ass e ganz coolen Challenge, mir hunn eis Ekipp déi mir elo opgebaut hunn, den Ekippegeescht deen ass gewuess wou mir de Menu op Been gestallt dee ganz flott ass. Wou mir eis dann elo freeën géint di aner Länner unzetrieden, wou mir mengen ech och elo e Niveau ereecht hunn mat all deene ganzen Trainingen an den Efforten déi mir derhannert gesat hunn. Déi Passioun déi mir an dee Menu gestallt hunn.
Pour moi c'est une première, une belle expérience, très content de participer à ce concours et de représenter le Luxembourg.
Ech sin de Plongeur an der Kichen, a gläichzäiteg responsabel fir d'Hygiène, dat heescht ech soll am Fong eng 3. Hand fir d'Käch sinn, hinnen e bësschen Arbecht ofhuelen.
An am internationale Jury ass och e Lëtzebuerger mat dobäi, de President vum Vatel Luxembourg, de Ben Weber.
Ech denken dass dat enorm wichteg ass, och wa seng Punkte net fir eis Ekipp zielen, mee einfach fir de Moral ass et schonn enorm wichteg dass mir awer e Representant do hunn.
Et heescht deemno Daumen drécke fir eis Faarwen am Concours op der FHC, der Food and Hospitality China, a vläicht schneide si jo ganz erfollegräich zu Shanghai of.
Fotoe vum leschten Training a vum Menu, dee natierlech och degustéiert gouf, déi gesi mir op www.radio.rtl.lu