Eemol de Mount gëtt kritesch an intensiv iwwer d'Filmaktualitéit diskutéiert.

Am zweeten Episod vu "Review" hunn ons Filmexperten - Loïc Tanson, Joy Hoffmann a Nico Simon - sech op der Streaming Platform Netflix ëmgekuckt a sech net manner wéi véier Filmer erausgesicht, déi si ënnert d'Lupp huelen.

- "Mank" vum David Fincher

- "The Forty-Year-Old Version" vum Radha Blank

- "Mignonnes" vum Maïmouna Doucouré 

- "Bronx" vum Olivier Marchal

Wéi en Impakt Streaming-Plattformen op d’Kinoswelt hunn, stoung och zur Debatt, genee wei den Televisiouns-Reportage, deen TF1 iwwert Lëtzebuerg Mëtt November diffuséiert hat.

Episod 2 - Den Impakt vu Streaming-Plattformen op de Kino

Review - de kritesche Kino-Podcast eemol de Mount up Radio, op rtl.lu an iwwerall do, wou et Podcaste gëtt.

Review- De kritesche Kino-Podcast