Eemol de Mount gëtt kritesch an intensiv iwwer d'Filmaktualitéit diskutéiert.

D'Kinoe sinn nees op an et lafen och eng ganz Rëtsch un interessante Filmer un. Am "Review, dem kritesche Kinospodcast" kucken de Loïc Tanson, de Joy Hoffman an den Nico Simon fir d'éischt op Kinosjoer 2020 zeréck, éier si net manner wéi 4 Filmer ënnert d'Lupp huelen.

Dorënner ass och d' lëtzebuergesch Co-Produktioun "Wolfwalkers" (Mélusines), déi ons Kinosexperten reegelrecht begeeschtert huet.

Déi aner Filmer: "Midnight Sky" vun a mam George Clooney, "Never rarely sometimes always"  vum Eliza Hittman a "Pieces of a woman" vum Kornél Mundruczó.

Podcast Review- Episod 3

Review - de kritesche Kino-Podcast eemol de Mount up Radio, op RTL Play an iwwerall do, wou et Podcaste gëtt.

RTL

Review- De kritesche Kino-Podcast