Gëschter koum d'Annonce datt de Patrick Bruel den 12. Dezember an d'Rockhal kënnt. Grond genuch, fir säi leschten Album, op deen déi aktuell Tour opbaut, am Detail virzestellen, och wann e schonn den 2. November d'lescht Joer erauskomm ass.

01/03/2019 CD Tipp

Virun 2 Joer hat hien een Album mat Lidder als Hommage un d'Barbara opgeholl, mä säi leschten Album mat eegene Lidder ass scho viru 6 Joer erauskomm. A scho bei där éischter Single "Tout recommencer" huet ee gemierkt: Do ass eppes anescht! De Patrick Bruel stellt no méi ewéi 30 Joer Carrière nach eemol alles a Fro a probéiert nei Saachen aus.

Dofir huet hie mat anere Museker zesumme geschafft, virun allem dem Vianney, mä och dem Scalp, Roman Chelminski, Benjamin Constant an David François Moreau. Mä och wa bal d'Hallschent vun de Lidder méi ee moderne Sound huet ewéi deen, deen een normalerweis mam Patrick Bruel verbënnt, ass déi aner Hallschent genee dat, wat een erwaart. Dat emouvantst Lidd um Album ass den Titelsong "Ce soir on sort...", dat de Patrick Bruel no den Attentater zu Paräis am November 2015 zesumme mat sengem ale Frënd Gérard Presgurvic op de Pabeier bruecht huet.

Am Fong bleift de Bruel sech awer trei. Mat Texter déi engagéiert, anengems awer och ganz perséinlech sinn. Dat limitéiert sech net nëmmen op "Ce soir on sort..." mä zitt sech wéi ee roude Fuedem duerch den Album. Am Lidd "Qu'est-ce qu'on fait" beschäftegt hie sech mat der Fro, ob Frankräich eppes geléiert huet, wéi déi franséisch Nationalequipe 1998 Footballweltmeeschter ginn ass, a wéi déi Multikultiequipe duerno an hirer Heemecht behandelt ginn ass. Dat Lidd ass entstan, wéi Frankräich 20 Joer méi spéit nees Weltmeeschter ginn ass. Ëm Frankräich geet et och am Lidd "Mon repère", "Stand Up" ass een Opruff fir zesummen ze halen an ze liewen, egal wou een hierkënnt (mat engem Extrait, dee méi u Maître Gyms ewéi u Patrick Bruel erënnert). D'Aflëss vu sengen eegenen Originen, arabesch Aflëss, verbonne mat engem moderne Beat, héiert een an där neier Single "Pas eu le temps", an där hie sech och mat der Zäit déi vergeet beschäftegt.

Un der Zesummenaarbecht mam Vianney ass interessant, datt hien de Patrick Bruel esou gutt analyséiert huet, datt seng Texter esou kléngen, ewéi wann de Bruel se selwer geschriwwen hätt. All Wuert dat de Bruel do vun deem friemen Text séngt kléngt esou, wéi wann et vun him kéint sinn.

Een Ënnerscheed an der Approche vun den Texter tëscht "On partira" oder "Rue Mouffetard", allebéid vum Vianney geschriwwen, oder "J'ai croisé ton fils", vum Bruel, héiert een net. A mat Louise mécht hien nees dat, wat hien am Beschte kann: Iwwert d'Zäit an där hie lieft ze sangen, an domat villes wat him opfält ze hannerfroen. Hei geet et ëm sozial Netzwierker a wéi Jugendlecher sech dora verlafe kënnen.

Den 12. Dezember kënnt hie mat dësem interessanten neien Album an d'Rockhal, d'Prévente vun den Ticketen fänkt e Méindeg un, mä haut hunn d'Abonnenten vun der Dageszeitung vun RTL.LU schonn d'Geleeënheet déi alleréischt Ticketen kënnen ze kafen: