De Bryan Adams huet an den 80er de Sound vun der Musek op de Radioe gepräägt, an den 90er waren et dunn éischter Balladen, mat deenen hie Succès hat.

08/03/2019 CD Tipp

Mat deem neien Album, dee 14. Studioalbum an der Carrière vum bal 60 Joer ale kanadesche Museker, probéiert hien nees e bësschen un de Sound aus dem Ufank vu senger Carrière unzeknäppen, an d'Lidder fir ze schmusen net méi esou an de Mëttelpunkt ze stellen. Anengems weist hien awer och vill méi däitlech ewéi op deene leschten Albumen, datt hien och mat der Zäit wëll goen, an net probéiert éiweg dat selwecht ze widderhuelen.

Dat mécht schonn den Titelsong vum Album däitlech: "Shine A Light" huet hien zesumme mam Ed Sheeran geschriwwen, an ass méi een Uptempo Popsong ewéi een typesche Bryan Adams Poprock. Däers fënnt een awer dofir um Rescht vum Album méi. Riicht eraus, ouni grouss Uspréch, awer och ouni iergend eppes ze verspriechen, wat en um Enn net hale kann. A mat nach eppes läit hie voll am Trend: Den Album huet zwar 12 Lidder, mä dauert um Enn awer nëmme 36 Minutten. Dat läit awer manner drun, datt hien näischt ze soen huet, oder d'Lidder bewosst esou kuerz produzéiert sinn. De Gros vun de Lidder huet een däitleche Blues- a Rock'n'Roll Afloss ("Part Friday Night, Part Sunday Morning", oder "Driving Under The Influence Of Love"), mat engem Afloss aus enger Zäit, wéi d'Lidder och seele méi ewéi 3 Minutte laang waren.

Bei "All Or Nothing" huet hie méi oder manner däitlech ee Gittarenakkord bei AC/DC geléint, fir dann awer an een typescht Bryan Adams Rocklidd eriwwerzegoen. Dat selwecht vertraut Gefill huet een och bei "I Could Get Used To This". "The Last Night On Earth" erënnert un dee fréien 2000er Sound vum Museker, wéi hien och scho probéiert huet, sech deem Stil unzepassen, dee grad in war, an als lescht Lidd huet hien eng Coverversioun vu "Whiskey In The Jar" mat op säin neien Album gepak.

Wien et onbedéngt e bësschen méi romantesch wëll hunn, an op dee verdreemte Bryan Adams steet, fir dee gëtt et een Duett mam Jennifer Lopez am zweete Lidd "That's How Strong Our Love Is". Bei wäitem net dat stäerkst Lidd um Album.

Mä och mat esou klengen Ausrëtscher ewéi "The Last Night On Earth" an "That's How Strong Our Love Is" huet de Bryan Adams awer am grousse Ganzen ee ronnen Album ofgeliwwert, dee Spaass mécht beim Nolauschteren, bei deem een och séier Loscht huet matzesangen ewéi een dat automatesch bei "Summer of '69" oder "Run To You mécht". D'Mëschung aus Gittar, senger rauer Stëmm an enger Ambiance, déi éierlech an net opgesat wierkt mécht de Recht.

"Shine A Light" ass éischter eppes fir déi Leit, déi de Bryan Adams scho laang gär héieren. Nei Fans wäert hien domat awer net kréien. Mä dat huet hien mat méi ewéi 75 Millioune verkaaften Albumen och net méi néideg.