Säi Rhythmus fir nei Albumen erauszebréngen huet sech op 4 Joer agependelt. Wat virun allem bei deenen zwee leschten Albumen dorop zeréck ze féieren ass, datt hie perséinlech Verloschter ze verschaffen hat.

15/03/2019 Musek-Tipp - James Morrison

Hien huet säi Papp, säi Brudder a säin Neveu bannent kuerzer Zäit verluer, donieft eng schwéier Zäit mat senger Fra duerchgemaach. A grad an déi komplizéiert Phas a sengem Liewen ass den Drock vu senger Plackefirma komm, déi méi positiv a lëschteg Musek vun him wollt héieren. Eppes wat hien zu deem Zäitpunkt awer net liwwere konnt.

Fir "You're Stronger Than You Know" huet hie sech Zäit geholl, a fir säi 5. Studioalbum endlech deen Album gemaach, deen hie schonn ëmmer am Kapp hat. Fir datt dat och wéi aus engem Goss kléngt, huet hien dës Kéier mat just engem Produzent zesummegeschafft. A stellt virun allem seng Idoler aus der Soul a Motown Ära an d'Vitrinn.

An och wann et méi däischter an traureg Momenter um Album ginn, ass et awer ee Wierk, an deem Optimismus an déi positiv Säit dominéiert. Och do huet hie bewosst probéiert deem entgéint ze steieren wat een den Ament all Dag an den Noriichten héiert. A fir hien war et eng Therapie, mat där hie sech selwer aus senger schwéierer Zäit gehollef huet.

Mat "Slowly" zum Beispill beschreift hien, wéi hien d'Kéier kritt huet, wéi hie seng Kreativitéit erëmfonnt huet, verheemlecht do awer och net seng Kandheet, déi alles ewéi net flott war (aarm Verhältnisser, alkoholesche Papp). Et ginn och eng Partie Lidder déi hie fir d'Gill, seng Partnerin a Mamm vu senge Kanner geschriwwen huet. "Power" ass een esou ee Beispill, mat deem hie seng Léift op en Neits beweise wëll, nodeems déi zwee nees an enger déiwer Kris waren. Oder "So Beautiful", ee Lidd dat hie scho virun 10 Joer zesumme mam Gary Barlow geschriwwen huet, an ëmmer an der Reserve gehalen huet. Mä no allem wat déi zwee déi lescht Jore matgemaach hunn huet hien erkannt, datt an deem Lidd alles stécht, wat hie senger Fra schonn ëmmer soe wollt.

Den Album hänkt mat der Ballade "Until The Stars Go" op, an och do stécht nees vill Perséinleches dran. Dat Lidd huet hie senger eelster Duechter geschriwwen, wéi déi an der Schoul gemobbt ginn ass.

Et si virun allem méi roueg Lidder um Album, déi éischt Single, "My Love Goes On" mam Joss Stone ass scho bal eng Ausnam, "Feels Like The First Time" gehéiert och nach zu deene méi "séiere" Lidder.

D'Texter an d'Atmosphäre vun de Lidder keeft een dem James Morrison all of, wann ee bis weess, datt hien net iwwert Saache weess, déi hie sech just afale gelooss huet. Hien huet dat aller erlieft an duerchlieft, wouduerch seng Lidder nach méi authentesch sinn. A wouduerch "You're Stronger Than You Know" net nëmme säi perséinlechsten, mä och säi Beschten Album ass, och wann e bei wäitem net esou vill kommerziellt Potential huet ewéi déi éischt.