U sech gesäit déi kanadesch Band sech selwer als Folk- a Countryband, mä mat hirem véierten Album gi si och e bësschen méi poppeg.

05/04/2019 CD Tipp

An dat ass mol net onbedéngt eng geplangten Entwécklung, well de Gros vun den Iddien déi op "Rattlesnake" verschafft gi sinn, sinn nach Iwwerreschter aus der Zäit wéi hiren Debutalbum entstanen ass. Datt d'Lidder am Allgemengen e bëssche méi vum Folk a Richtung Pop ofdriften ass gréisstendeels op de Produzent Tim Pagnotta zeréck ze féieren, deen och schonn op déi Manéier mat den Neon Trees a Walk The Moon zesummegeschafft huet.

D'Museker si mam Resultat zefridden. Well si doduerch net méi grad esou düster kléngen ewéi dat u sech hiert Markenzeechen ass. A well si esou och hiren, wéi si selwer soen, Sound vun enger klenger kanadescher Stad mat méi engem labberen, poppege Vibe upassen.

Mat deem Trick brénge si et och fäerdeg, hiren u sech pechschwaarze Lidder een optimisteschen Toun ze ginn, esou datt een d'Lidder séier matséngt, nach éier ee matkritt ëm wat et geet.

Dat mécht awer näischt. Wéi scho bei Spirits, hirem gréissten Hit virun 3 Joer, kann een den Text op e puer Manéieren interpretéieren. Mol ganz eescht, heiansdo och méi verspillt. Den Opbau vum Album dréit och dozou bäi, datt een direkt ee positiven Androck huet, a vun engem optimistesche Sound gedroe gëtt. Déi éischt 4 Lidder sinn esou opgebaut, datt de Publikum um Concert haart matsange kann. Eréischt mat deem 5. Lidd "We All Need Someone" gi si och musikalesch e bësschen méi nodenklech, wann et thematesch ëm den Doud geet.

Dat rouegst Stéck um Album ass "The Party", bei deem ëm Trennung geet a wéi een op eng Party geet, fir alles ze vergiessen, wat een erofzitt, och wann een u sech keng Loscht huet fir op esou eng Party ze goen.

Den Titel vum Album kënnt aus deem leschte Lidd "All My Life", an deem et ëmmer nees ëm eng Schlaang ënnert engem Bett geet, a wéi déi d'Liewe vun der Persoun déi d'Geschicht erzielt, verännert huet.

"Rattlesnake" ass een Album, dee sech ganz gutt lauschtert. Net onbedéngt mat Hitmaterial dat u "Spirits" erukënnt, a mat nëmmen 9 Lidder an 30 Minutten extrem kuerz, mä dofir awer och zu kengem Moment langweileg oder ze repetitiv.