Dee siwente Sudioalbum vum Norah Jones proposéiert nëmme 7 Lidder. Mä mat enger ganz grousser Variatioun.

12/04/2019 CD Tipp

Datt den Album mat nëmme 7 Lidder manner ewéi 30 Minutten dauert ass eppes, wouriwwer net méi brauch geschwat ze ginn, domat muss ee sech mëttlerweil einfach offannen. Mä wéi heescht et esou schéin: "D'Längt spillt keng Roll!". Dat beweist d'Norah Jones op dësem Bijou vun engem Album am Beschten.

Et ass eng Sammlung vun Iddien déi der Musekerin an deene leschten 12 Méint duerch de Kapp gaange sinn, an déi si ganz spontan aleng, oder mat Gäscht an nëmmen e puer Minutten opgeholl huet. Keng grouss Studiosessions, bei deene bis am leschten Detail un de Lidder gefeilt gëtt, mä eppes wat nach ganz graff kléngt, wéi wann et net ganz fäerdeg wier.

An dat ouni datt d'Qualitéit vum Resultat drënner läit. Vun deene 7 Lidder klengen der just 2 no deem, wat een déi lescht Joren um Radio vum Norah Jones gewinnt war. Ganz gefälleg Popmusek, mat liichten Jazz Aflëss. Eréischt op deenen anere 5 Stécker vum Album héiert deen déi Aflëss nach méi staark eraus, de Pop hält sech méi zeréck, an d'Stécker erreechen doduerch déi ganz Palette vun zerbriechlech bis staark.

"Begin Again" kléngt doduerch méi experimentell, wat den Titel vum Album och erkläert. Et héiert een ëmmer nach dat eraus, woufir d'Norah Jones steet, mä mat engem klengen neien Touch, eppes wat méi ongewinnt ass, a wouduerch een direkt beim éischte Lauschteren méi opmierksam dobäi ass.